
De Beschëllegten hat en Donneschdeg den Owend e verdächtege Pak bei den Informatiounsguichete vun den CFL op der Gare an der Stad ofgestallt.
Am Pak ware Géigestänn, déi an de Justiz-Beräich Waffen a Munitioun fale wéi Übungsgranaten an aner militäresch Géigestänn.
De 40 Joer ale Mann kënnt e Freideg de Moie virun den Untersuchungsriichter. Bis en Urteel vum Geriicht steet, gëllt d’Présomption d’innocence.
D’Stater Gare war en Donneschdeg den Owend gutt dräivéierel Stonn gespaart, nodeems e suspekte Pak fonnt gi war. Och de Service Deminage war op d’Plaz geruff ginn.
RTL-News: Stater Gare nees op: “Et gouf eng Zort Übungsmunitioun fonnt”, esou de Policespriecher