
D’Enquête gouf ofgeschloss, den Dossier klasséiert, dat krut RTL op Nofro hi vum Parquet confirméiert.
D’Instruktioun gouf Mëtt Oktober ofgeschloss, esou de Parquet. Et konnt keng Friemawierkung festgestallt ginn, sou dass den Dossier klasséiert gi wier.
E Méindeg, den 28. August, no 22 Auer krut d’Police zu Nidderkuer eng Persoun gemellt, déi sech do ouni Erlabnis géif op engem Privatgrondstéck ophalen a randaléieren. RTL-Informatiounen no war et e Mann, deen am Gaart vu senger Ex-Fra randaléiert huet. Am Policebulletin stoung, dass de Mann der Patrull entgéint gefuer koum, wéi dës ënnerwee op d’Plaz war. D’Policepatrull ass dem Mann nogefuer. De Chauffer soll RTL-Informatiounen no mat iwwert 180 Kilometer an der Stonn iwwert d’A13 Richtung Esch gefuer sinn.
Op der Kräizung vun der Penetrante de Lankelz mam Boulevard Grande-Duchesse Charlotte ass de flüchtege Chauffer zu Esch an d’Mauer vun der neier Primärschoul gerannt. Op der Plaz gouf et keng Bremsspuer. Den Auto war a Brand geroden. D’Polizisten op der Plaz hu versicht, den Auto ze läschen. Wéi d’Rettungsservicer ukomm sinn, konnten déi just nach den Doud vum Chauffer feststellen.
Eng Enquête sollt déi genee Ëmstänn vum Accident klären, och eng Autopsie gouf gemaach. Friemawierkung konnt bei der Enquête net festgestallt ginn.