Alerte rapideEt goufe Salmonellen an Hondsfudder fonnt

David Winter
Déi Lëtzebuerger Autoritéiten maachen drop opmierksam, dass verschidden Hondsfuddermarke vu Salmonelle kéinte betraff sinn.

Bei de Produiten dréit et sech konkret ëm folgend Marken:

Rinderkopfhaut (500g) de la marque FriGera
Numéro de l’article: 1011128
Numéros de lot: 300920 ; 30122003 ; 30092003
Les produits ont été vendus dans les magasins Fressnapf Bertrange, Foetz XXL, Mersch et Ingeldorf.

Wilderness Strauss Mix (150g) de la marque Real Nature
Numéro de l’article: 1246039
Numéros de lot: 643180028755 et 645180030189
Date limite de consommation: 25.10.2020 et 07.11.2020

D'Produite goufen am "Fressnapf" zu Bartreng, Féiz, Miersch, Houwald, Wämperhaart, Walfer, Gréiwemaacher et Angelduerf verkaaft. Et ass ze bemierken, dass nëmmen déi Produite betraff sinn, déi déi concernéiert Erkennungsnummeren hunn. Obwuel d'Fudder direkt aus dem Verkaf geholl gouf, goufen e puer Produite verkaaft. Hei besteet natierlech d'Méiglechkeet dës am Geschäft ëmzetauschen.

Bei weidere Froe soll een sech direkt beim Landwirtschaftsministère mellen, dat iwwert d'Mailadress aliments.animaux@asta.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO