Alkohol um SteierEt goufen nees eng Rei Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun Dënschdeg op e Mëttwoch huet d'Police direkt dräi Chauffere missten unhalen, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten.

An der Munnereferstrooss zu Fréiseng kruten d’Beamte géint 21.30 Auer eng Fuererin gemellt, déi wéinst hirer Fuerweis opgefall war. Si misst no engem positiven Alkoholtest hire Fürerschäin ofginn.

An der Route de Wasserbillig zu Mäertert krut d’Police géint 2.30 Auer e Chauffer gemellt, dee sech op enger Tankstell donieft beholl hat. Och hie krut säi Fürerschäin ofgeholl.

Kuerz no 3.30 Auer ass der Police zu Hollerech en Auto opgefall, deen a Schlaangelinne gefuer ass. Och hei misst de Permis no engem positiven Alkoholtest agezu ginn.

Back to Top
CIM LOGO