Entrevue mat LandwirtschaftsvertriederEt huet een eng Tounlag fonnt, déi Hoffnung gëtt

Diana Hoffmann
Christophe Hochard
Premier-, Landwirtschafts- an Ëmweltminister hu sech en Donneschdeg de Mëtteg am Virfeld vum Landwirtschaftsdësch de 4. Mäerz getraff.
Entrevue mat Landwirtschaftsvertrieder
Premier-, Landwirtschafts- an Ëmweltminister hu sech en Donneschdeg de Mëtteg am Virfeld vum Landwirtschaftsdësch de 4. Mäerz getraff.

D’Stëmmung war gutt, den Dialog ass do. Dat soten no der Reunioun esouwuel d’Vertrieder aus der Landwirtschaft, wéi och déi aner Säit. Et wéilt een net elo scho Parzeläin zerschloen, mee d’Regierung emol schaffe loossen, huet de President vun der Landwirtschaftskummer Guy Feyder no der Entrevue betount.

Entrevue Landwirtschaft / Rep. Diana Hoffmann

Fir d’Bauere wier et wichteg, Planungssécherheet ze hunn, huet de Premierminister Luc Frieden d’Suerge vun de Baueren ëmrass. Dass se géinge wëssen, dass dat wat haut decidéiert gëtt, hinnen erlaabt hire Betrib weider ze entwéckelen. “Et ass wichteg, dass mer dee richtegen Equiliber fannen tëschent Ëmwelt, Naturschutz a landwirtschaftlecher Produktioun. En Equiliber, deen net ëmmer richteg fonnt ginn ass”, sou de Premier.

En Donneschdeg de Mëtten hat de Luc Frieden och eng Reunioun mam EU-Kommissär fir Klimapolitik, dem Wopke Hoekstra, wou een driwwer geschwat hätt, eng raisonnabel a pragmatesch Ëmweltpolitik fir Europa ze maachen. Dat, fir weider ze kommen.

Dem Ëmweltminister Serge Wilmes geet et dorëm, d’Baueren als Partner ze gesinn, a beim Ëmweltschutz matzehuelen. Dat an enker Zesummenaarbecht mat der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen.

Ee Message un d’Regierung vum Guy Feyder war dann, dass d’Betriber mussen e gewësse Spillraum kréien, fir u Léisunge matzeschaffen. Am Allgemenge fillt ee sech bis elo awer eescht geholl. Et géing een sech driwwer freeën, dass een an Tëschenzäit net just am Staatsministère, mee och bei den zoustännege Minister eng Tounlag fonnt hätt, déi Hoffnung gëtt, dass een an Zukunft mateneen eens gëtt. “Wann zu Lëtzebuerg nach keng Trakteren op der Strooss waren, dann huet et déi Erklärung”, huet de President vun der Landwirtschaftskummer ënnerstrach.

De Premier hätt gären an net all ze laanger Zäit konkret Léisungen zu konkrete Froen, heescht et. Dës wieren en Donneschdeg diskutéiert ginn. Um Landwirtschaftsdësch Ufank Mäerz sollen d’Léisungen da konkret ginn.

PDF: Bauerendësch

Back to Top
CIM LOGO