D’Carole Reckinger sot, datt d’Kierch keng Empathie gewisen a kee Kontakt mam Personal gesicht hätt.
“Weeder den Direkter nach d’Presidentin vun der Fondatioun si bei mech komm, fir ze erklären. Ech krut just en E-Mail vun e puer Zeile geschéckt. Dat war alles”, seet de Chef vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg.
Duerno wär de Christian Billon, bis viru Kuerzem President vum Krisekommitee, zweemol bei hie komm. “Awer am Ufank war do glat a guer keng Kommunikatioun. D. h., wann d’Caritas sech esou kierchlech versteet, firwat ass da kee bei de Bëschof komm, fir mat eis driwwer ze schwätzen?”
Hien hätt net wëlle mat der Dier an d’Haus falen, seet de Kardinol Hollerich op d’Fro, ob hien net den Impuls gehat hätt, fir selwer Kontakt opzehuelen.
D’Caritas wär méi grouss wéi de Bistum, mat vill méi Mataarbechter.
“A mir hätten ni 61 Milliounen iergendwou fräi, fir kënnen ze iwwerweisen. Do schwätzt ee vu ganz aneren Ordres de grandeur.” Hir eege Leit, déi d’Kierch och selwer bezuele géif, géifen zum Deel vill manner verdénge wéi d’Personal bei der Caritas. Mam Patrimoine vun der Kierch misst een déi eege Leit bezuelen. Dofir hätt hie keng Sue fir der Caritas ze hëllefen, erkläert de Kardinol. “Wann ech se hätt, géif ech se jo gäre ginn. (...) Ech kann net zu enger Faillite vun der Kierch féieren, fir d’Caritas ze retten.”
De Bistum géif awer eng “bescheiden” Zomm iwwerweisen (310.000 Euro, ndlr) un Hëllefsprojeten am Südsudan, do, wou d’Caritas Lëtzebuerg bis ewell aktiv war. “Awer déi (Suen, ndlr) gi mir lo net, fir Defiziter ze decke vun enger Saach, wou souwisou futti geet.” Dofir géif een nach gefrot ginn, awer net fir deen neie Projet (d’Organisatioun HUT, ndlr), bedauert de Jean-Claude Hollerich.
De Bistum wär ze kleng, fir d’Roll vum politesche Plädoyer ze iwwerhuelen, dee jo lo mat der Caritas verluer geet a keng Plaz bei der neier Organisatioun HUT soll kréien. Als Bëschof misst hie sech neutral verhalen, et géif him net zoustoen, sech iwwer d’Dagespolitik ze äusseren. De Kardinol seet awer, hie géif sech freeën, wa Chrëschten zesummefanne géifen, fir déi gutt Sozialkritik ze iwwerhuelen, déi d’Caritas gemaach hätt. Hie géif si och ënnerstëtzen, wa se dat wéilten.
“Et ass schonn net esou, datt jiddereen Ënnerstëtzung vum Bistum wëll, wou da gesot gëtt, ‘da gi mer kontrolléiert vun deenen’.”
Am RTL-Interview bedauert de Kardinol Hollerich awer och e gewëssene “Caritas Bashing” zanter de Finanzbedruch opgeflunn ass. “Heiansdo schéngt bei eis alles, wat mat Kierch, also mat Chrëschtentum, ze dinn huet, iergendwéi schlecht ze sinn.”
D’Caritas hätt eng super Aarbecht zu Lëtzebuerg gemaach. Wéi et zu deem risege Crime konnt kommen, kann de Jean-Claude Hollerich sech bis haut net erklären.
Weider Aussoe vum Kardinol Hollerich gesitt Dir den Owend ëm 19:30 Auer am Journal vun der Tëlee. Doran äussert sech och d’Nach-Caritas-Presidentin Marie-Josée Jacobs zu der Affär.
Ëm 20 Auer weise mer Iech op der Tëlee an am Livestream eng Spezialemissioun mat den dräi Interviewen, déi mir e Méindeg an en Dënschdeg geféiert hunn: mam Carole Reckinger, mam Kardinol Hollerich a mat der Presidentin Jacobs.
Afin de pallier à ses besoins urgents de trésorerie, la Fondation Caritas Luxembourg s’est adressée e.a. à l’Archevêché de Luxembourg pour demander un appui financier conséquent portant sur plusieurs millions d’euros.
Une analyse en interne de la demande est arrivée à la conclusion qu’une quelconque avance à hauteur des montants demandés, qu’elle soit sur fonds propres ou sur crédit externe garanti par l’Archevêché, s’avèrerait irresponsable au niveau de sa propre gestion financière et économique, vu les critères de gestion du risque à appliquer.
L’ampleur du détournement de fonds dont Caritas est devenu la victime est telle qu’elle impacte non seulement la survie de l’organisation mais dépasse aussi les moyens de l’Archevêché pour son redressement.
Ce constat ne devra pas être compris comme une indifférence par rapport aux soucis de celles et de ceux qui doivent faire les frais du scandale.
Dans la limite de ses possibilités et sur base des informations reçues de FCL, l’Archevêché a validé aujourd’hui un virement de 310.000 euros pour prendre en charge les engagements de Caritas envers ses collaboratrices et collaborateurs au Sud-Soudan.
Sans vouloir nier les graves conséquences d’une solvabilité compromise de Caritas pour toutes les parties concernées, l’Archevêché souhaite contribuer par ce geste à atténuer les retombées néfastes pour les victimes les plus pauvres de cette crise.
Luxembourg, le 24 septembre 2024
Le syndicat Santé, Services sociaux et éducatifs de l’OGBL a convoqué d’urgence une Assemblée plénière des salariés de Caritas pour demain (mercredi, 25 septembre 2024), en vue de préparer les prochaines démarches syndicales dans le cadre de ce dossier.