
Wärend enger Pressekonferenz e Méindeg de Moie gouf d'Transitioun un der Spëtzt vun der Fedil présentéiert, déi ënner "ekonomeschen Tensioune" gemaach gëtt. Op hirer Generalversammlung elo um 17 Auer wäert de Georges Rassel de Poste vum President dem Alex Schumann vun der Goodyear weiderginn. Donieft kommen de Raymond Ackermann vun Accumalux S.A. an d'Isabelle Dennewald vu Contern S.A. an de Verwaltungsrot.
Den neie President trëtt säi Mandat just e puer Woche virun enger nationaler Tripartite un. Et wäert een nach kucken, wien d'Interessie vun der Industrie do vertriede wäert, esou de Georges Rassel. Do geet et drëm, den Impakt vun der neier Energiekris op d'Stéit ofzefiederen, mee och d'Kompetitivitéit vun de Betriber ze schützen.
Den Direkter René Winkin sot, d'Tripartite misst elo mol virbereet ginn. Zenarie missten analyséiert ginn, mee och eventuell Mesuren an hir Impakter oder Faisabilitéit. Et wier ze fréi, fir d'Sozialpartner, fir hir Fuerderungen ze stellen.
D'Vertrieder vun der Industrie hunn e Méindeg de Moien natierlech vill d'international Evenementer kommentéiert: méi schlecht transatlantesch Relatiounen, d'Energiekris an Transitioun, déi ze lues oder net richteg kalibréiert wier. Sou sot de René Winkin ënnert anerem, datt Lëtzebuerg esoubal net seng eegen Energie kéint hierstellen, mee an Europa Raffinerië méi séier zougemaach goufen ewéi d'Demande fir Kerosin oder Diesel zeréckgaange wier.
Den Alex Schumann, deen huet sech als President dräi Prioritéite fir säi Mandat ginn: industriellen Investissement, Ressources humaines an d'international Positioun vum Grand-Duché. D'Prioritéite vun der Fedil ënnert der Presidence vum Georges Rassel waren d'Digitalisatioun an d'Innovatioun an an deem Zesummenhang d'Kënschtlech Intelligenz. Donieft d'administrativ Vereinfachung – déi Theme bleiwen aktuell.
De Georges Rassel, dee pensionéiert ass, sot e Méindeg de Moien nach, datt "ganz vill Onsécherheet ni gutt fir d'Geschäft ass". En Vue vun der Tripartite huet hien de Saz zitéiert, deen ëmmer nees vu Politiker widderholl gëtt: "Wann et de Betriber gutt geet, geet et de Leit gutt a wann et de Leit gutt geet, geet et de Betriber gutt."