
De Sportsmusée bleift weider an der Aktualitéit. Nodeems et d'lescht Woch schonn an der parlamentarescher Budgetskontrollkommissioun Diskussioune gouf, stoungen e Méindeg d'CSV-Ministeren Hansen a Roth, souwéi och déi liberal Ministesch Backes den Deputéierte Ried an Äntwert.
An awer war d'Oppositioun net zefridden, et géifen nach vill oppe Froe bleiwen.
Eppes ass kloer: De Protocole d'accord, esou wéi de Sportsministère an de Promoteur IKO ënnerschriwwen hunn, hat Feeler an der Prozedur, esou d'CSV-Sportsministesch Martine Hansen: "Den Avis ass kloer, et ass d'Etude de faisabilité, do hätt missen eng Mise en concurrence geschéien. Dat heescht, se ass falsch zum Marchésgesetz. A wann de Musée sou gebaut gi wär, wéi et elo hei geplangt ass, dat wär och falsch, well och do hätt missen eng Ausschreiwung gemaach ginn, well de Staat oder de Sportsministère ze vill Afloss op d'Planung scho geholl hunn."
De Finanzminister Gilles Roth huet ënnerstrach, datt seng Beamten am Dossier Sportsmusée ëmmer nees op déi gesetzlech Bestëmmungen opmierksam gemaach hätten. Hie selwer a säi Ministère wieren awer ni iwwer ee Protocole d'accord informéiert gewiescht, dat wier een eréischt aus der Press gewuer ginn: "Et ass selbstverständlech esou, dass wann de Finanzminister oder aner Minister oder de Regierungsrot gewosst hätten, dass do e Protocoll d'accord am Virfeld ënnerschriwwe wier, dass dann deen Dossier aneschters beliicht gi wier."
Firwat gouf net doriwwer informéiert? Aus Onwëssenheet an net aus Expressegkeet, esou den zoustännege Beamten aus dem Sportsministère François Knaff.
D'Oppositioun gesäit sech a villen Hisiichten duerch den Avis juridique, dee vum Sportsministère no der Demissioun vum deemolege Sportsminister Geroges Mischo an Optrag ginn ass, confirméiert, esou den Deputéierte Marc Baum vun déi Lénk: "Dee ganzen Dossier sténkt an et huet een ëmmer méi den Androck, datt et hei awer drëm gaangen ass, fir engem grousse Promoteur ee Gefalen ze maachen. Wat d'Contrepartie vun deem Gefalen ass, dat wësse mer natierlech net. Mee et ass op jidder Fall net esou, wéi et an engem Rechtsstaat ka virgoen."
Änlech gesäit dat de Marc Goergen vun de Piraten: "A sech ass awer haut erauskomm, dass et e Skandal ass, wéi e Promoteur kann Afloss huelen op dee ganze Werdegang beim Staat, an hei ass et eeben duerch d'Press, dass herno dat gestoppt ginn ass, mee hei muss ee bedenken, hei ass e Kontrakt geschriwwe gi mat enger Exklusivitéit vum Promoteur an hien huet de Präis selwer festgeluecht."
Et bleiwe vill Froen op, ënnert anerem déi, firwat am Laf vum Dossier op emol net méi rieds vun engem Musée, mee vun engem Kongress-Zenter war, fir d'Marché-public-Gesetzer ze ëmgoen, wéi d'LSAP-Deputéiert Liz Braz erkläert: "An do war et op eemol keen. De Finanzminister seet, nee, dat ass net eis Iddi. De Sportsministère seet, mir wëssen och näischt dovunner an ech fannen dat awer Limitt skandaléis, dass mer dorobber haut keng Äntwert kritt hunn."
Déi concernéiert woussten op vill Froen also net ze äntweren. Fir d'Sam Tanson vun déi Gréng géif dat och esou munches driwwer aussoen, wéi d'Regierung dësen Dossier handhaabt: "A ce stade ass souguer d'Bestandsopnam schwiereg, well mer, ech mengen Dir konnt dat jo alleguerte mat erliewen, well et souguer tëscht de Ministèren nach ëmmer Onkloerheete gëtt an een net d'Impressioun huet, dass dat heiten och wierklech opgeschafft ginn ass, och tëscht de Ministèren am Virfeld vun dëser Chamberskommissioun."
Fir d'Oppositioun ass den Dossier nach net zou – ob et zu enger Enquêtëkommissioun kéim, kéint een elo nach net soen. Et waart een elo mol déi schrëftlech Äntwerten op déi rechtlech Froen of.
Op d'Fro hin, ob et am Sportsministère och zu personelle Konsequenze kéint kommen, huet d'Martine Hansen geäntwert, datt ee fir d'éischt alleguerten d'Informatioune misst beieneen hunn, ier esou Decisioune getraff ginn. An éischter Linn misst een dofir elo mol eraus fannen, wéini a firwat vun engem Kongress-Zenter amplaz vun engem Musée rieds gaangen ass.