Och zu Lëtzebuerg liewe Schätzungen no ëm déi 2.000 Ukrainer. Mir hunn zwee vun hinne besicht, fir iwwert déi aktuell Situatioun ze schwätzen.
Dem Andrii Tkachenko seng Deeg gesinn zanter enger Woch all d’selwecht aus. Ronderëm d’Auer informéiert hie sech iwwert déi aktuell Entwécklungen a sengem Heemechtsland. En Donneschdeg de Moie virun enger Woch, nach éiert hien et an den Noriichte konnt gesinn, huet säin Telefon geschellt. Den Andrii Tkachenko doriwwer, wéi hien de 24. Februar erlieft huet:
“Meng Famill a Frënn hu mech ugeruff. Si soten, dass de Krich ugefaangen huet an dass d’Bommen iwwerall sinn, och a menger Heemechtsstad. Et kann een net gleewen, dass et wierklech geschitt. Et hofft een, dass een nach schléift an dat alles net wouer ass.”
Zanter 2014 lieft de gebiertegen Ukrainer am Grand-Duché, zesumme mat senger Fra Galina an hiren zwee klenge Kanner. D’Koppel kënnt aus der selwechter Stad an der Ukrain. Si sinn do opgewuess, hunn do studéiert. Hir Famill a Kolleege sinn an der Ukrain. Eng extrem belaaschtend Situatioun.
“Et ass ee futti, wéi wann ee keng Energie méi hätt, fir iergendeppes aneres ze maachen, wéi d’Noriichten ze kucken. Et muss ee funktionéieren a sech ëm d’Kanner këmmeren, mee et ass, wéi wann een net do wier. Et mécht een alles automatesch, vue dass d’Opmierksamkeet iergendwou anescht ass. Et ass schwéier, zeréck an d’Liewen ze kommen an den Alldag ze bewältegen.”
Hien hätt bis zum Schluss gehofft, dass näischt géing geschéien, esou den Andrii, obwuel et Virzeeche gouf. Elo suivéiert hie reegelméisseg och russesch Televisiounsprogrammer, fir ze kucken, wéi déi aner Säit de Konflikt duerstellt. Vue dass déi awer gehackt gi sinn, lafen den Ament Biller vun den Attacken op d’Ukrain, fir de Russen ze weisen, wat wierklech geschitt. Well déi staatlech kontrolléiert russesch Medie géinge just hire Point de Vue weisen. “Wann een déi Propaganda gesäit, ass et nëmme frustrant”, esou den Andrii.
All Dag stinn den Andrii an d’Galina mat hirer Famill a Frënn an der Ukrain a Kontakt. Dem Andrii seng Eltere wunnen an enger Géigend, déi net direkt vun Attacke betraff ass. Den Andrii hofft, dass d’Situatioun bei sengen Eltere weiderhi roueg bleift. Anescht gesäit et bei verschiddene vu senge Kolleegen aus.
“Wann ech meng Kolleegen uruffen, déi a Géigende wéi Kiew wunne wou gekämpft gëtt, weess een ni, ob um aneren Enn ee wäert ophiewen, oder a wéi eng Richtung d’Gespréich wäert goen, wa si dech uruffen. Et ass e schrecklecht Gefill vu konstanter Uspanung an Angscht, wat dech net lass léisst.”
Esou geet et och dem Natalia Pavlyk. D’Ukrainerin lieft zanter méi wéi 25 Joer zu Lëtzebuerg, ass an der Integratiounskommissioun vun der Gemeng Suessem an huet hir eegen Associatioun. Mat hirer asbl Ukraïnka, der Unioun vun ukrainesche Fraen zu Lëtzebuerg, leescht d’Natalia zanter 2014 humanitär Hëllef fir hiert Heemechtsland. All Woch huet si eng Camionnette mat materiellen Donen an d’Ukrain geschéckt. Hir Associatioun ass spezialiséiert op medezinescht a paramedezinescht Material fir Spideeler a Weesenhaiser. Ma duerch d’Invasioun huet sou munches sech geännert. Ënnert anerem d’Besoine vun de Leit sur place. “Mir brauche virun allem Medikamenter, Verbandsmaterial an Tourniquete fir schwéier Bluddungen ofzebannen”, erkläert d’Natalia. Ma och den Transport wier méi komplizéiert ginn.
“En Ukrainer huet sech gemellt, hie géif als Chauffer fuere bis op d’Grenz, ech ginn och vläicht mat. An op der Grenz kënnt dann eng ukrainesch Camionnette, fir d’Saachen entgéint ze huelen. Well mat de Pabeieren ass et komplizéiert. Dee Chauffer fiert da weider a mir ginn zeréck op Lëtzebuerg.”
Och den Andrii Tkachenko wëll net einfach nokucken, wat ronn 2.000 Kilometer wäit ewech geschitt. Esou sammelt hien zum Beispill Donnéeë vu Leit, déi dozou bereet sinn, Flüchtlinge bei sech doheem opzehuelen. Hie këmmert sech ëm d’Logistik a wëll sech och selwer hannert d’Steier setzen. Säin Zil wier et ënnert anerem, déi Männer ze entlaaschten, déi an der Ukrain musse bleiwe fir ze kämpfen. Hie wéilt hinnen op mannst d’Suerg ëm hir Famillen ewech huelen, esou den Andrii. Ma wann d’Situatioun méi schlëmm sollt ginn a säi Brudder, säin Neveu, oder seng Frënn un d’Front misste goen, wier hien dozou bereet, Säit u Säit mat hinnen ze kämpfen.
“Ech sprangen net ronderëm a soen ‘ech wëll an de Krich goen’. Ech wëll net an de Krich zéien. Kee wëll dat. Wëllst de stierwen? Kee wëll stierwen. Et ass en Albdram. En plus war ech ni am Militärdéngscht. Ech hu keng Anung vun all deem. Mee et muss een zesummen halen a maachen, wat ee kann. Et ass déi lescht Optioun, mee et ass eng Optioun. An et ass natierlech e ganz sensibelt Thema fir meng Fra.”
Hien hätt ni geduecht, dass hie jeemools mat Krich a Kontakt géif kommen. Elo hofft den Andrii, dass sech weiderhi Länner weltwäit fir en Enn vun deem Krich asetzen. A sengen Ae sinn Negociatiounen den eenzege Wee eraus.
Wann och Dir de Leit an der Ukrain hëllefe wëllt, fannt Dir op dësem Link all déi néideg Informatiounen iwwert déi verschidden Initiativen.