
„Et dréckt een net op de Knäppchen an der Jucha, fir ze kucken: Kenne mer deen? Dat geet net!“: Dat sot e Freideg de Moien den Affekot vun deem Mann, deen un der Basis ass vun der Affär vum sougenannte „geheime Casier“. Fir de Me Fränk Rollinger ass d'Dateschutzgesetz vun zejoert kloer: Donnéeë vu Leit wäre bei der Poursuite an der Exekutioun vu Strofen ze benotzen, awer net an engem Astellungsgespréich. Deemno wär et an dësem Fall zu enger Violatioun vum Gesetz komm.
An deem Astellungsgespréich hätt säi Client gesot, dass déi aner Säit dat net benotzen dierft. Hien hätt du kënne goen. D'Decisioun, en net anzestellen, war du geholl, wann net virdrun, huet den Affekot gemengt.
De Mann wär an deem Astellungsgespréich mat ganz spezielle Faite vun 2010 konfrontéiert ginn, déi net licite dohi komm wären an déi Leit, déi den Dossier kannt hunn, gutt situéiere konnten. De Mann wär nämlech am Dezember 2010 an déi héich politiséiert Affär vum Fils vum Ex-Minister Nicolas Schmit verwéckelt gewiescht, well hien ee vun deenen 3 Leit war, déi an deem Auto souzen, sou säin Affekot. Dat wär gewosst gewiescht, soudass ee sech d'Fro stelle misst, ob säi Client eng fair Chance hat.
Elo géif natierlech gesot ginn, et wäre besser Kandidaten do gewiescht, wat méi einfach wär, wéi ze soen, et hätt een d'Gesetz net respektéiert.
De Me Rollinger krut iwwregens och eng 3 Säite laang Äntwert vum Parquet général op e Bréif vun him vun haut virun enger Woch. Hie wéilt deen an aller Rou liesen, war eng 1. Reaktioun vum Affekot.