
Well d’Exploitatioun vun enger Plaz, wou Glécksspiller ugebuede ginn, illegal a contraire zum Gesetz vun 1977 wier, gouf awer virun zwou Wochen eng Denonciatioun beim Procureur gemaach.
Et gëtt awer och eng Derogatioun zum Gesetz vun 1977: nämlech da wann e Casino oder eng änlech Glécksspill-Struktur am Interessi vum Tourissem exploitéiert gëtt. Esou eng Demande hat de Regierungsrot bis ewell awer och nach net virleien, sou confirméieren et déi zoustänneg CSV-Ministeren.
Basis vun den Informatioune war eng parlamentaresch Fro vun der DP-Deputéiert a Stater Schäffe Corinne Cahen.