"Schengen is alive"Et muss ee verhënneren, datt iwwer d'Zoumaache vu Grenze geschwat gëtt

Tim Morizet
An engem oppene Bréif gouf sech Enn der Woch fir méi Fräiheeten op de Grenzen ausgeschwat.
"Schengen is alive"
An engem oppene Bréif gouf sech Enn der Woch fir méi Fräiheeten op de Grenzen ausgeschwat.

Schlaangen op de Grenz-Iwwergäng zu Waasserbëlleg a Gréiwemaacher. D'Aussoen aus Däitschland si kloer. Hei däerf nëmmen deen eriwwer, deen e pertinente Grond huet, Frontalieren zum Beispill. An awer ginn et der vill, déi sech net un d'Reegelen halen. Äddi a Merci, heescht et dann. Fir d'Buergermeeschteren op béide Säiten eng Katastroph. "Mir wëssen, datt mir als Gemeng um politesche Plang elo näischt Grousses kënne beweegen. Awer sinn ech der Iwwerzeegung, datt mer an dësen Zäiten einfach musse soen: mir si solidaresch mat den Noperen. Mir verstinn, datt wierklech e Problem besteet. An awer ass et grad elo wichteg, ze weisen, datt mer an Zukunft nach méi no beienee réckelen. Mir wëllen net, datt duerch temporäert Zoumaache vu Grenze Wonne bleiwen.", esou de Michel Gloden.

Hannert der Grenz zu Lëtzebuerg ass e Risiko-Gebitt, esou d'Robert Koch Insitut. Well een d'Infektiounsketten ënnerbrieche wëll, sinn eng Rëtsch Grenziwwergäng zou. Lues a lues ginn der erëm op, esou zum Beispill e Freideg zu Réimech.

Fir d'Frontalieren a Lëtzebuerger, déi hannert där enger oder anerer Säit vun der Grenz wunnen, ass de politesche Stréch nach ëmmer en Tabu. Fir d'Commercen op béide Säiten eng schwiereg an ongewinnte Situatioun.

"Mir sinn eng Regioun, déi ganz vill vun den Touristen an och dem Wäibau ofhängeg ass. Dat fënnt aktuell net statt. Déi meescht Restauranten hunn zou, esou wéi et am ganze Land ass. Besonnesch zu dëser Joreszäit sinn awer normalerweis ganz vill Fester a Manifestatiounen an eise Gemengen. An dat ass elo net méiglech.", esou de Michel Gloden.

Besonnesch den däitschen Tanktourismus feelt dëser Deeg, vun deem och vill kleng Geschäfter ofhängeg sinn.

Anescht ass d'Situatioun awer bei verschiddene Restaurateuren. Bei deenen, déi den Ament op sinn, fir ze liwweren oder, wou een eppes ka siche goen, schellt den Telefon konstant. Den Impakt vun de Grenze spiert ee méi oder manner. Iwwert déi däitsch Grenz ausliwweren, klappt zu Schengen gutt, heescht et vun engem Restaurateur. Zu Réimech hätt een duerch d'Opmaache vun der Bréck awer nees sëllege bekannte Clienten, déi erëmkommen.

Bis op d'mannst de 4. Mee bleiwen d'Grenz-Kontrollen op däitscher Säit nach bestoen. Bis dohin weise sech d'Musel-Gemenge solidaresch. All Dënschdeg ginn europäesch Fändelen opgehaangen, als Protest géint d'Zoumaache vun de Grenzen.

Back to Top
CIM LOGO