Véier Persoune gëtt Calomnie, Diffamatioun an onfräiwëlleg Kierperverletzung wéinst “troubles psychiques” vum fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi reprochéiert.
D’Faite leien antëscht 7 Joer zréck. Déi deemoleg RTL-Journalistin an Ugeklote Sophie Schram huet en Interview mam deemolegen Direkter vum Mudam Enrico Lunghi gemaach. Si wollt vun him wëssen, wisou eng bestëmmte Kënschtlerin net géing am Mudam ausgestallt ginn. Nodeems d’Journalistin e puer Mol nogefrot huet, verléiert den Enrico Lunghi d’Fassung, gräift si um Handgelenk, dréckt de Mikro erof an dreet hir, wa si dat géing bréngen, géing hien ni méi mat hir schwätzen. Méi spéit geet den Interview weider, a beim Réimaterial héiert een, dass den Direkter sech fir säi Verhalen entschëllegt.
Dono hëlt déi ganz Affär trotzdeem weider hire Laf. Den Ugeklote fréieren RTL-Journalist Marc Thoma hat fir den “Nol op de Kapp” e Reportage gemaach, an deem et ëm déi bestëmmte Kënschtlerin geet, déi sech diskriminéiert fillt. Ma och d’Zeen, an där den Enrico Lunghi d’Journalistin agresséiert, war ze gesinn. De Programmdirekter an Ugeklote Steve Schmit, war awer ondecidéiert, ob de Reportage esou sollt iwwert d’Antenn goen. Hien huet beim deemolege Chefredakter Alain Rousseau an der Chefredactrice adjointe, dem Caroline Mart, en Avis gefrot.
“Meng éischt Reaktioun war: ‘Wat ass dat do dann? Dat huet jo kee Kapp a kee Schwanz’”, sou den Alain Rousseau als Zeie viru Geriicht. “Et war net kloer verständlech an och handwierklech net gutt”, huet och d’Caroline Mart als Zeien de Reportage kommentéiert. Dofir hätt een dofir plaidéiert, de Reportage net an där Form ze bréngen. Doriwwer eraus wollt een och fir d’éischt emol Kloerheet iwwer déi ganz Situatioun kréien.
Eng knapp Woch méi spéit goufen déi zwee awer an de Büro vum fréieren RTL-Generaldirekter an Ugekloten Alain Berwick geruff. Mat dobäi waren och de Marc Thoma an d’Sophie Schram mat engem verbonnen Handgelenk. Grond fir de Verband wier den Ugrëff vum Enrico Lunghi eng Partie Deeg méi fréi gewiescht. Deenen zwee Cheffe Mart a Rousseau gouf reprochéiert, sech net virun hir Journalistin ze stellen. D’Situatioun ass eskaléiert a mat der Demissioun vum Alain Rousseau op en Enn komm. “Mir haten näischt domat ze dinn, mir sinn ëm eis Meenung gefrot ginn”, esou d’Feststellung vum Alain Rousseau virum Riichter.
Um Enn ass gesot ginn, d’Sophie Schram hätt eng Plainte géint den Enrico Lunghi gemaach, an domat stéing och da fest, dass de Reportage géing duerchgoen. Eng Plainte gouf awer ni deposéiert. Et wier den Alain Berwick gewiescht, deen am Endeffekt decidéiert hätt, wat géing iwwert d’Antenn goen, huet d’Caroline Mart virum Riichter ënnerstrach.
De Punkt wéi wäit de Reportage manipuléiert soll gewiescht sinn, an esou net méi d’Realitéit erëm ginn hätt, gouf e Méinden net weider abordéiert. Et gouf iwwer eng Stonn laang Réimaterial am Zesummenhang mam Reportage a sämtlech Reportagen, déi an deem Kader diffuséiert goufen, gekuckt.