Weltwäit géif et den Ament tëscht 70 an 80 bewaffnet Konflikter. Sief et intern an engem Land oder tëscht Staaten. Näischt wier besser ginn am Joer 2023. Villes wier souguer schlëmmer ginn. Eréischt mam Konflikt an der Ukrain wier de Krich fir eis nees spierbar ginn. “D’Geschéck vun der Welt an d’Façonéiere vun der Zukunft, dat ass eng Saach, déi an den Hänn vun de Mënsche läit. A kengem aneren. Et gëtt keng Instanzen ausserhalb vun de Mënschen, déi dat kënne Reegelen. Och déi, déi gleewen, mussen zouginn, datt och den Härgott net déck a Form ass de Moment. An dofir, et kënnt op de Mënsch un. Mir mussen eis änneren, wa mer d’Welt wëllen änneren. Soss ännert d’Welt eis. Dat ass se amgaangen ze maachen.”
Mat Bléck op d’Situatioun am Noen Osten, gëtt de Jean-Claude Juncker dëst ze bedenken.
“All Bomm. All Granat. All Dron. All Kugel. All Vergewaltegung. All Doud, virun allem vun Onschëllegen. Ma gëtt et Schëlleger an deem Konflikt? Vun deenen déi bis elo gestuerwe sinn. Ech mengen net. Séit neien Haass. Nach an 30-40 Joer musse mer eis mat de Folge vun deem Konflikt, dee mer net geléist kréien, auserneesetzen. Nee, nee, 23 war kee gutt Joer.”
Iwwerzeegten Europäer, hält de fréiere President vun der EU-Kommissioun fest, datt déi aktuell geopolitesch Lag eent nach méi siichtbar mécht: Datt d’Europäesch Unioun éischter nokuckt, wéi effektiv an d’Geschéien agräifen ze kënnen.
“Dat huet dermat ze dinn, datt an der Aussepolitik d’Europäer seelen enger Meenung sinn. Dat gesäit ee jo och am Ukrain-Konflikt. Dat gesäit ee beim Schweden-, Finnland-Bäitrëtt zur Nato. Iwwerall wou et ëm elementar Prinzippie geet, och ëm d’Rechtsstaatlechkeet, gëtt et Leit, déi aus der Rei danzen. Ungarn wann et ëm de Rechtsstaat geet. Anerer wann et ëm Militärstrategesch, geopolitesch predeterminéiert Positiounsbezéiunge geet. Mir sinn als Europäer net esou staark wéi mer kéinte sinn, wa mer eis géife méi zesummerappen.”
Europa géif op der internationaler Bün ëmmer méi zesummesacken. Net just, wat dat politescht Gewiicht ubelaangt, och wirtschaftlech. Déi 27 wieren nëmme staark, wa se zesummestinn.
Kloer ass dem Jean-Claude Juncker seng Positioun, wat d’Zukunft vun der Europäescher Unioun ubelaangt: Ganz zeréckhalend ass hien, wann et ëm d’Erweiderung geet. Well d’Konditiounen net erfëllt sinn, bei Bäitrëttskandidaten an EU intern.
“Kuckt emol. Mat 27 ass et schonn enorm schwéier. Besonnesch an der Aussepolitik. Mat 33-34-35, souguer wann d’Ukrain derbäi wier. A wann ee sech virstellt, wat ech net maachen, datt d’Tierkei géif bäitrieden, gëtt dat jo en Ensembel, deen a Richtung Erweiderung gedriwwe gëtt, vun deenen Europäer, ee méi lose Staateverband, wéi déi Däitsch soen, Verbund, pardon. Mir brauche vill Verband, wann dee Verbund net reusséiert. Nee, nee, nee. Et mussen och intern Reforme gemaach ginn. Notamment d’Aart a Weis ubelaangt, wéi Decisiounen an Europa geholl ginn.”
Eng blann Erweiderung kéint zu engem groussen Accident féieren.