
De juristeschen Avis, deen den Inneminister Léon Gloden wéinst dem Heescheverbuet ugefrot huet, seet, et wier gebueden, fir ze legiferéieren. Dat fir d’Froen ëm d’Repressioun vun der Heescherei ze klären, ma och méi global, wéi vill Spillraum d’Gemengen nach mat hire Policereglementer hunn, zanter déi nei Verfassung a Kraaft ass.
“Une intervention du législateur serait ainsi de mise non seulement pour régler spécifiquement la question de la répression de certaines formes de mendicité mais aussi, surtout, pour arrêter le cadre législatif global pour l’adoption des règlements communaux de police.”
Dat, well d’Legalitéit vum Policereglement och aus dem Bléckwénkel vun der Verfassungskonforméiert kéint gestallt ginn, quitte datt d’Juriste vun der Etüd Thewes a Reuter argumentéieren, dat Stater Heescheverbuet wier net vun den Aschränkunge vun der neier Verfassung betraff, well et am Gemengerot ugeholl gouf, ier se a Kraaft getrueden ass.
Bis elo war et d’Positioun vun den CSV-Ministeren, datt et net noutwenneg oder dréngend wier, ze legiferéieren.
Den Avis ass vun der selwechter Etüd geschriwwen, déi der Stad Lëtzebuerg hire Recours virum Verwaltungsgeriicht preparéiert hat. An zur Fro, ob de Code pénal déi einfach Heescherei verbitt oder net, iwwerhëlt den Avis Wuert fir Wuert d’Argumentatioun aus deem Recours, deen dem Léon Gloden bekannt war, ier den Avis juridique ugefrot huet.
De Marc Thewes, Associé vun der Etüd, ass doriwwer eraus, laangjäregen CSV-Member a Parteikolleeg vum Léon Gloden. Hie sëtzt och fir d’CSV am Staatsrot.
D’Stad Lëtzebuerg huet hire Recours, dee si géint der Taina Bofferding hir Annulatioun vum Policereglement gemaach hat, antëscht op hirer Websäit publizéiert.
Doran fënnt een ënnert anerem Plainten, déi un d’Stad Lëtzebuerg geschéckt goufen, fir sech iwwert d’Situatioun op verschiddene Plazen, respektiv iwwert d’Verhale vu verschiddenen Heescheleit ze beschwéieren.
Mä och déi säitelaang Argumentatioun, déi am Avis iwwerholl gouf, wat en Abschnitt an engem Gesetzestext ass, an de Juriste vun Thewes a Reuter hir Conclusioun, datt d’Heescherei net aus dem Code pénal gestrach gouf.