En Dënschdeg ass d'Ouverture vun der neier Chambersessioun, wou jo dann och mam Semiray Ahmedova eng nei Deputéiert fir déi Gréng an der Successioun vum demissionären Déifferdenger Député-Maire Roberto Traversini vereedegt gëtt.
Duerno ass et dann, géint 15 Auer, den Etat de la Nation, eng Ried vum Staatsminister Xavier Bettel, déi och live am Stream op RTL.lu iwwerholl gëtt. D'Deputéiert erwaarde sech kloer Aussoe vum Premier. Aktuell Themen dierfte seng Ried dominéieren, dorënner de Wuesstem vum Land, déi finanziell Situatioun, d'Wunnengsproblematik, awer och wat d'Diskussiounen ëm de Klimawandel betrëfft.
D'politesch Suitten ëm d'Affär Gaardenhaische ginn iwwerdeem ewell en Dënschdeg de Moie weider, da wann d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg eng drëtte Kéier an d'Ëmwelt-Chamberkommissioun convoquéiert ass.
D'CSV adresséiert an deem Kontext ewell e Méindeg e Bréif un de Chamberpresident an deem gesot gëtt, datt d'Partei zanter der leschter Kommissiounssëtzung nei Informatioune krut huet. An deem Kontext sollen en Dënschdeg och Froen un den zoustännegen Arrondissement-Chef vun der Naturverwaltung gestallt ginn.
Wat de Bau vun engem Ieselsstall um Terrain vun der Famill Dieschbourg ugeet, wëll d'CSV iwwerdeem dee kompletten Dossier mat allen accordéierten Autorisatioune kréien. Och an dësem Dossier gëtt gefrot, datt sech, nieft der Ministesch, och deen zoustännege Fieschter an der Kommissioun presentéiere soll.
All dës Froen an Demanden ass de Fernand Etgen vun der CSV gebieden, un d'Ëmweltministesch weider ze leeden: den Optakt vun der Chamberkommissioun ass iwwerdeem en Dënschdeg de Moien um 9 Auer.