No iwwer 40 SëtzungenEthikkommissioun publizéiert Avis zum Theema Leihmutterschaft

Marlène Clement
D'national Ethikkommissioun betount an hirem Avis, dass d'Interesse vum Kand am Mëttelpunkt stoe mussen, wärend d'Regierung keng gesetzlech Ännerunge virgesinn huet.

Avis zum Theema Leihmutterschaft / Rep. Marlène Clement

D'Thema Leihmutterschaft ass an de leschte Wochen nees méi an de Fokus geréckelt, nodeems public ginn ass, datt den däitschen CDU-Politiker Jens Spahn a säi Mann iwwer de Wee vun enger Leihmutterschaft an den USA Eltere gi sinn. Wärend d'Leihmutterschaft an Däitschland verbueden ass, gëtt et zu Lëtzebuerg aktuell guer kee Kader.

Och déi national Ethikkommissioun deet sech net einfach mam Sujet.

Kand muss am Mëttelpunkt stoen

No iwwer 40 Sëtzungen huet déi national Ethikkommissioun elo hiren Avis iwwer d'Procréation médicalement assisté, kuerz PMA, an d'Leihmutterschaft, och kuerz GPA fir Gestation pour autrui genannt, publizéiert.

Net bei allem wieren d'Membere vun der Kommissioun sech eens, gëtt präziséiert. Esou wieren e puer Memberen, wann och eng Minoritéit, zum Beispill géint all Form vu Leihmutterschaft am Grand-Duché, egal op altruistesch oder kommerziell.

Generell géinge sech bei dësen neie Reproduktiounstechnike vill politesch, juristesch an ethesch Froe stellen. Esou och bei der kënschtlecher Befruchtung nom Doud vun engem Partner, der "PMA Post mortem" – och hei schwätze sech e puer Membere kloer dogéint aus.

Déi Ronn 15 Membere vun der Ethikkommissioun si sech dann awer eens, datt ee fir d'kënschtlech Befruchtung ee legale Kader brauch.

Bei der Leihmutterschaft gëtt iwwerdeems ënnert der aktueller Regierung keng Ännerung virgeholl, huet d'CSV-Justizministesch Elisabeth Margue rezent op RTL-Nofro confirméiert. Den Interêt supérieur vum Kand misst ëmmer priméieren, huet d'Justizministesch ënnerstrach.

Egal iwwer wéi ee Wee e Kand op d'Welt kënnt, dierf et net dofir bestrooft ginn. An deem Sënn géingen och eventuell administrativ Hürden, zum Beispill fir d'Kand unzeerkennen oder unzemellen nach eng Kéier op de Leescht geholl ginn, esou wéi et am nationalen LGBTQ+-Aktiounsplang virgesi wier.

Och fir d'Ethikkommissioun steet fest: D'Kand muss ëmmer am Mëttelpunkt vun den Diskussioune stoen. Déi nei Reproduktiounstechniken dierften och just an deem Sënn gebraucht ginn.

Virun dräi Joer gouf d'Ethikkommissioun vun der viregter Regierung beoptraagt, sech zu der kënschtlecher Befruchtung an der Leihmutterschaft ze prononcéieren. De ganzen Avis vu bal 80 Säiten fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO