
De Jens Spahn huet vu sengem Posten als Chef vun der CDU/CSU-Fraktioun am däitsche Bundestag demissionéiert. Dat an der Suitte vun der sougenannter "Leihmutterschafts-Affär".
Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt, hätt de Spahn d'Fraktioun an engem Schreiwes doriwwer informéiert, dass him an de leschten Deeg kloer gi wier, dass säi perséinlecht Gléck an dat vu sengem Mann, fir zesummen eng Famill ze grënnen, net mat sengem politeschen Amt géif iwwertenee goen.
De Jens Spahn a säi Mann Daniel Funke hunn e Mëttwoch matgedeelt, dass si Eltere gi sinn. D'Kand ass vun enger "Leihmamm" an den USA ausgedroe ginn. D'Kritik um Spahn ass esou staark, well d'Leihmutterschaft an Däitschland verbueden ass an dem Spahn seng Partei, d'CDU sech och kloer géint eng Legaliséierung positionéiert.