Nei Fluchgesellschaft um FindelEtihad flitt véier Mol d'Woch op Abu Dhabi

Ryck Thill
De Findel kritt eng nei Fluchgesellschaft. Etihad Airways wëll Lëtzebuerg an Zukunft direkt mat de Vereenegten Arabeschen Emirater verbannen.
Etihad flitt vum 21. Oktober u véier Mol d'Woch op Abu Dhabi
De Findel kritt eng nei Fluchgesellschaft. Etihad Airways wëll Lëtzebuerg an Zukunft direkt mat de Vereenegten Arabeschen Emirater verbannen.

Vum 21. Oktober u start véier Mol d'Woch eng Etihad-Maschinn vu Lëtzebuerg an Direktioun Abu Dhabi. Méindes, mëttwochs, freides a sonndes ass den Depart géint 9:30 Auer moies um Findel, d'Arrivée ass géint 19 Auer um Zayed International Airport. Op der Streck komme fuschnei Airbus-A321-Fligere mat jee 160 Sëtzplazen zum Asaz.

Bei Etihad ass een iwwerzeegt, datt et eng grouss Nofro fir esou eng Verbindung gëtt. Dem Antonio Panariello no, Commercial Director fir Europa, géif Lëtzebuerg vill Potenzial bidden. Nieft Passagéier aus der Groussregioun rechent d'Airline och mat Visiteuren aus den Emirater, déi de Grand-Duché entdecke wëllen.

Abu Dhabi ass dobäi net nëmmen eng Vakanzendestinatioun. De Flughafen ass och eng wichteg Dréischeif fir weider a Richtung Asien, Afrika oder Australien ze fléien.

D'Airline setzt iwwerdeems weider op Wuesstem. Vum Hierscht u solle fënnef nei Strecken a China a sechs weider Destinatiounen an Afrika dobäikommen. Haut besteet d'Flott aus eppes méi wéi 120 Fligeren. An de kommende Jore wëll Etihad d'Flott op ronn 250 Maschinne verduebelen.

Fir déi nei Verbindung virzestellen, hat d'Airline e Méindeg e Café an der Stad an eng Etihad-Lounge verwandelt. Sou sollten interesséiert Clientë schonn elo en éischten Androck vun der neier Offer kréien.

Back to Top
CIM LOGO