AarbechtszäitverkierzungEtüden a konkret Beispiller weisen, wéi et ka funktionéieren

Maxime Gillen
Pierre Jans
D'Thema Aarbechtszäitverkierzung polariséiert. Eng Rei Parteie fuerderen eng allgemeng Reduktioun vun der Schaffzäit.
Aarbechtszäitverkierzung polariséiert
Eng Rei Parteie fuerderen eng allgemeng Reduktioun vun der Schaffzäit, d’Patronat schléisst dat awer kategoresch aus.

D’Patronat schléisst dat awer kategoresch aus. Wéi ëmmer läit d’Wourecht sécherlech iergendwou dertëscht. Virun allem eng Etüd a Groussbritannien huet dozou spannend Resultater geliwwert. An och hei am Land ginn éischt Betriber nei Weeër.

Thema Aarbechtszäitverkierzung - Reportage Maxime Gillen

Lëtzebuerg kämpft ëm qualifizéiert Mataarbechter. Där ginn et nämlech bei Wäitem net esou vill, wéi Betriber a Verwaltungen hei am Land se bräichten. Fir als Employeur attraktiv ze bleiwen, fänken dës ëmmer méi un och op d’Besoine vun hire Mataarbechter ze lauschteren. Ganz uewen op der Lëscht stinn do ënnert anerem manner laang Aarbechtszäiten. Engersäits fir déi kierperlech a mental Gesondheet an anerersäits fir Famill a Beruff besser ënnert een Hutt ze kréien. Dat stellt och den Direkter vun der Raiffeisen Bank, Yves Biewer, fest: “Ech mierken et haaptsächlech bei jonke Kandidaten, déi mir versichen ze rekrutéieren, do gëtt all Kéiers praktesch d’Fro gestallt, wéi gesäit et aus mat Work-Life-Balance? Dat ass en Term, dee wierklech déi jonk Generatiounen absolut interesséiert a wann een do kee Konzept huet dofir, dann huet ee schlecht Kaarte fir de Rekrutement.”

D’Raiffeisen huet dofir déi sougenannt “Quality Time” agefouert. Dat ass ee weideren Dag Congé pro Mount, deen all Mataarbechter, esouwäit et den Aarbechtspensum an d’Organisatioun vun der Ekipp zouloossen, kann zousätzlech zu deem normale Congé huelen.

No dëse 7 éischte Méint kuckt de Raiffeisen-Direkter nawell zefridden op déi éischt Resultater: “Ech sinn absolut der Meenung an dat wäerten eis Analysen zum Schluss och weisen, dass d’Produktivitéit sécherlech net dorënner wäert leiden. Ech géif éischter mengen, au contraire, well d’Leit hunn all Interêt, sech deen Avantage z’erschaffen an effizient ze sinn.”

Brittesch Etüd weist Virdeeler vu kuerzer Schaffwoch

An do läit enger brittescher Etüd no och de Schlëssel zum Erfolleg. 6 Méint laang hu gutt 60 Betriber mat engen 2.900 Mataarbechter eng 4-Deeg-Woch agefouert. D’Aarbechtszäit gouf deemno e gutt Stéck méi kuerz an d’Pai ass d’selwecht bliwwen. D’Resultat dovun war immens positiv. Déi mental a physesch Gesondheet vun de Leit huet sech verbessert. D’Mataarbechter hu sech besser ëm Famill a Kanner kënne këmmeren. D’Betriber hate weider eng gesond Croissance an nëmmen nach hallef esou vill Leit hunn an där Zäit gekënnegt.

Dat war awer nëmme méiglech, well déi Betriber alleguer en Effort gemaach hunn, fir hir Produktivitéit ze verbesseren. Zum Beispill goufen Aarbechtsofleef analyséiert an doropshin zum Beispill onproduktiv Reuniounen ofgeschaaft. Vun deem Gewënn u Produktivitéit hunn dann d’Mataarbechter kënne profitéieren, fir méi Fräizäit ze hunn. An dat huet dunn dozou gefouert, dass déi manner gestresst waren an de Risiko vu Burnout ëm 70 Prozent reduzéiert kruten.

Bei der Etüd a Groussbritannien hunn allerdéngs virop Betriber matgemaach, déi keng permanent Presenz mussen assuréieren, wéi zum Beispill am Beräich vun der Gastronomie. Bei der Raiffeisen kënnen awer och d’Mataarbechter an den Agencë vun der “Quality Time” profitéieren. Dat wier just eng Fro vun der Organisatioun, esou den Yves Biewer.

Ouni Kommunikatioun geet näischt

Organisatioun a virun allem Kommunikatioun sinn och déi wichtegst Punkten an der Strategie vu Flibco. D’Entreprise, déi europawäit Busconnectioune geréiert, huet dëse Summer offiziell d'4-Deeg-Woch agefouert. Dat wier awer just duerch nei Aarbechtsweisen a virun allem och eng Ëmstellung an der Mentalitéit vun de Mataarbechter méiglech gewiescht, erkläert den Direkter vu Flibco, Tobias Stüber: “Für uns ist das die logische Konsequenz einer langen Reise. Als ich vor viereinhalb Jahren hierhin kam, haben wir komplett alles umgestellt. Alles heisst die IT-Technologie aber auch das Konzept des Arbeitens. Wir gehen wirklich mit diesem Trend des New Work. Jetzt ist es eigentlich durch Innovationen, durch Optimierung sind wir an den Punkt hingekommen, dass wir gesagt haben, ok das ermöglicht es jetzt solche neue Arbeitsformen in diesem Bereich New Work zu gehen.”

E groussen Deel vum Succès vun esou Mesuren ass de Mataarbechter ze vertrauen an op si ze lauschteren. Eegestänneg Employéeë geréieren hiren Alldag am effikassten a si responsabel genuch z’assuréieren, dass hir Aarbecht gemaach gëtt, och wann dat net vu moies 8 bis owes 5 Auer ass. Dovun ass den Tobias Stüber iwwerzeegt. Méi Produktivitéit duerch Innovatioun, an doduerch méi Fräizäit, déi dofir suergt, dass d’Leit sech wuel spieren, motivéiert, kreativ an doduerch um Enn och méi produktiv sinn.

Dem Flibco-Chef no wieren dofir och manner d’Politik a vill méi d’Betriber gefuerdert. Déi missten hir eegen Innovatioun virundreiwen.

Back to Top
CIM LOGO