
D'Pandemie vum Grippevirus H1N1, och nach Schwéngsgripp genannt, huet virun 10 Joer gewisen, datt et Schwaachpunkte ginn, wann et ëm den Accès zu Vaccinen a Medikamenter a verschiddene Länner vun der europäescher Unioun geet. Dat schreift den LSAP-Deputéierten an deemolege Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo an enger parlamentarescher Fro.
Als Reaktioun dorop huet de Gros vun de Memberlänner aus der EU d'europäesch Kommissioun domadder chargéiert e Mechanismus auszeschaffen, fir datt ähnlech Problemer bei enger nächster Pandemie net méi virkommen. Rezent gouf deen éischte Kontrakt an deem Kontext tëschent der europäescher Unioun an dem Laboratoire "Seqirus" ënnerschriwwen.
Virop well de Mars di Bartolomeo vum aktuelle Gesondheetsminister Etienne Schneider wëssen, wat genee an deem Kontrakt dra steet. Säi Parteikolleg preziséiert, datt do zum Beispill dra festgehalen ass, op wéi vill Dosisse Vaccin de Grand-Duché Recht huet, wéi héich d'Reservatiounsfraise pro Joer a pro Dosis sinn a fir wéi vill de Laboratoire eng Dosis ka verkafen.
Geliwwert gëtt de Vaccin zum Beispill soubal d'Weltgesondheetsorganisatioun eng Pandemie deklaréiert.
De Gesondheetsminister Etienne Schneider betount och op Nofro hin, datt de Grand-Duché der europäescher Kommissioun dëst Joer matgedeelt huet, datt Lëtzebuerg en Intressi hätt, fir och de Vaccin géint déi saisonal Gripp iwwert déi selwecht Prozedur ze kréien. Dat ass nämlech méiglech am Fall wou méi Memberlänner sech dofir decidéieren a kéint eventuell Enkpäss an Zukunft verhënneren.
Ëm Enkpäss vu Medikamenter geet et dann och an enger zweeter parlamentarescher Fro, déi Deputéiert vun déi Gréng, d'Josée Lorsché, gestallt huet.
Fir ze verhënneren, datt et verschidde Medikamenter eng Zäit laang net ze kafe gëtt, hunn an der Belsch dräi Deputéiert eng Gesetzespropos gemaach, déi ënnert anerem virgesäit, datt d'Exportatioune vu Medikamenter an d'Ausland kënne limitéiert ginn. Vu datt de Grand-Duché déi meescht Medikamenter déi zu Lëtzebuerg verkaaft ginn aus der Belsch kritt, werft d'Josée Lorsché d'Fro op, ob esou eng Legislatioun bei eise belschen Noperen net och Auswierkungen op d'Stocken zu Lëtzebuerg kéint hunn.
Dorop äntwert de Gesondheetsminister Etienne Schneider, datt d'Importatiounen an Exportatioune vu Medikamenter ënnert de Prinzip vun der fräier Zirkulatioun vu Wuere falen an d'Memberstaaten den Handel domadder just ënnert verschiddene Konditioune kënne limitéieren.
Hie wëll awer vun enger nächster Reunioun vun den europäesche Gesondheetsminister profitéieren, fir mat sengem belschen Homolog iwwer eventuell Auswierkungen ze schwätzen, déi Ännerunge vum gesetzleche Kader an der Belsch, op Lëtzebuerg kéinten hunn.Eventuell proposéiert hien dem Regierungsrot dono en Amendement zum Gesetzprojet 7383 deen déi belsch Autoritéite soll rassuréieren, datt Medikamenter déi vun hirem Marché kommen, ënnert déi selwecht Restriktioune falen, wéi an der Belsch an net parallel an en anert Land exportéiert ginn.