D’Angscht, datt de Krich an der Ukrain sech och op aner europäesch Länner ausbreet, gëtt ëmmer méi grouss. An och ëmmer méi Länner huele konkret Moossnamen. Vu Finnland am Norden, iwwer d’Baltesch Staate bis erof a Polen an dat genee 35 Joer, nodeem de “Riddo aus Eisen” eng éischt Kéier gefall ass.
Eleng Polen investéiert den Ament eng 2,3 Milliarden Euro, fir sech net nëmme virun Hybriden Attacken, ma souguer engem eventuellen direkten Ugrëff vu Russland oder dem Belarus ze schützen. De polnesche Vize-Verdeedegungsminister Cezary Tomczyk erkläert:
“Hei dréit sech alles ëm Ofschreckung. Mat der Moderniséierung, der Transformatioun vun der polnescher Arméi. De Bau vum East-Shield op der polnesch-wäissrussescher oder polnesch-russescher Grenz, ass haaptsächlech, fir ze garantéieren, datt et ni, absolut ni zu enger Konfrontatioun mat eisem Land kënnt. Et geet ëm d’Sécherheet vu Polen.”
Bei onsem direkten Noper Däitschland gi sech och Gedanke gemaach
Wéi Land a Leit besser virun enger eventueller Russescher Attack schützen? Knapp 200 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech hëlt de Robert Schwienbacher, am Kölner Quartier Kalk Journaliste vum däitschen RTL mat an e Bunker an deem d’Zäit 1979 stoe blouf. Ee vu 579, déi elo nees vum Bund reaktivéiert solle ginn.
“Das ist ja wie bei der Alarmierung, auch Sirenen gab es mal ausreichend in Deutschland, aber das ist ja leider in den letzten Jahrzehnten alles zurückgebaut worden. Wir fangen ja jetzt alles wieder an, neu aufzubauen. Damit ist diese Regierung konfrontiert gewesen, dass wir die Versäumnisse aus der Vergangenheit auch wieder aufholen mussten.” sou déi Däitsch Inneministesch Nancy Faeser
D’Bundesamt fir Bevölkerungsschutz a Katastrophenhëllef huet festgehalen, datt och ëffentlech Gebaier, grad wéi privat Immobilien als potenziell Plaze, wou ee Schutz ka fannen, sollen ugesi ginn.
Schweden, Finnland, Norwege preparéieren hir Bierger.
De schweedeschen Zivilschutz verdeelt den Ament 5 Millioune Broschüren un d’Stéit, an där op 32 Säite d’Populatioun sensibiliséiert gëtt. Am Mëttelpunkt stinn, nieft Präparatioun op klassesch Krisen, och d’Reaktioun am Fall vun engem Krich.
“Den Hannergrond, fir eng nei Versioun ze schreiwen, ass, datt d’Sécherheetssituatioun sech verschlechtert huet, zanter déi lescht Broschür verschéckt gouf. Besonnesch am Zesummenhang mat der grousser Attack vu Russland op d’Ukrain”, sou Christina Andersson vun der Schweedescher Agence fir zivil Noutsituatiounen.
An hei zu Lëtzebuerg?
Bis ewell halen d’Autoritéite sech éischter bedeckt. De Message vum Haut-Commissariat à la protection nationale, no Ofsprooch mat der Regierung, ass awer kloer, erkläert de Guy Bley, Haut-Commissaire à la Protection nationale.
“Et ass ganz generell wichteg, datt ee Land resistent ass an dat eng Populatioun resistent ass. An dat ass wierklech de Sënn vun eisem Site och vun der Informatioun doriwwer fannt, wann d’Leit déi dote Mesuren huelen, dann ass ee Land méi resistent an dann ass och d Bevëlkerung méi resistent an dat ass eis an all de Krisen immens wichteg.”
Um Internetsite Infocrise.lu ass et méiglech, sech op dräi Sproochen z’informéieren, wat verschidden Zenarioen u Krisen ubelaangt. Intressant ass virop dës Check-Lëscht, déi u sech elementar Rotschléi regroupéiert:

“An do sinn Informatiounen dran: Wéi vill Waasser soll een doheem hunn? Soll een ee Radio doheem hunn? Soll ee vläicht eng Täscheluucht doheem hunn? Sou Informatioune fënnt een u eisem Site an dat ass effektiv fir all déi verschidde Krisen ganz gutt”, sou de Guy Bley.
Wat spezifesch Installatiounen, wéi zum Beispill Bunker ubelaangt, sou gouf RTL géintiwwer confirméiert, datt et där kéng hei zu Lëtzebuerg ginn, déi de moderne Standarden entspriechen.