Suitte Pro ActifEx-Direkter geet an d'Offensiv a leet juristesch Schrëtt an

Monique Kater
A Saache Pro Actif respektiv Entloossung vum Direkter gëtt et en neien Ament.
Suivi Pro Actif
Ex-Direkter geet an d’Offensiv a leet juristesch Schrëtt an

De François Georges huet haut d’Aarbechtsgeriicht ageschalt. Mat enger Requête en Référé kontestéiert de fréiere Generaldirekter vun der Beschäftegungsinitiative seng Kënnegung duerch de Präsident.

Den Affekot vum Ex-Direkter huet haut eng Requête en Référé agereecht. Den Aarbechtskontrakt wier net korrekt opgeléist ginn, sou d’Haaptargument. De President Norbert Conter hat den Direkter de 5. Februar via Bréif iwwer seng Entloossung informéiert. An deem Schreiwes gouf dem François Georges ënnert anerem aggressiivt Verhalen reprochéiert. De Concernéierte war direkt fräigestallt ginn an duerft och net méi an d’Gebai vu Pro actif eran. Well de Norbert Conter bis elo net op hien duerkomm a wuel net un enger aussergeriichtlecher Eenegung intresséiert wier, hätt hien dann elo decidéiert, d’Justiz anzeschalten, sou de François Georges.

Extrait François Georges

Bis elo wier hien och net schrëftlech iwwer en Ausschloss aus dem LCGB informéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO