E Sonndeg kann et gutt sinn, dass der direkt oder indirekt mat engem Asteroid a Kontakt kommt. Keng Angscht, et kënnt kee vum Himmel gefall, mä den 30. Juni ass den internationalen Dag vun der Sensibiliséierung ronderëm dëst Thema.
Eng grouss Live-Sendung, déi weltwäit iwwer Internet diffuséiert gëtt, leeft zanter e Freideg de Mëtteg 12 Auer. Dat Ganzt gëtt op der Televisiounschaîne "Asteroid Day TV" iwwerdroen, dat iwwer 5 Deeg. Hei fënnt een de geneeë Programm mat den Zäite vun den Iwwerdroungen.
Am Cercle Cité invitéiert d'Luxembourg Space Agency an deem Kontext e Samschdeg, de 29. Juni 2019 de Public, Astronauten ze treffen a mat hinnen ze schwätzen.
E Sonndeg ass nees den internationalen Asteroidendag wou ënnert anerem iwwert déi méiglech Riske vun den Asteroiden informéiert gëtt. An deem Kontext, waren haut 3 Astronauten zu Lëtzebuerg fir de Leit d’Asteroide grad ewéi de Secteur méi no ze bréngen. Beispillsweis war den amerikaneschen Astronaut Rusty Schweickart hei, dee bei der Apollo 9-Missioun d’Mountlandefär gesteiert huet.
Beispillsweis war den amerikaneschen Astronaut Rusty Schweickart hei, dee bei der Apollo 9-Missioun d’Mountlandefär gesteiert huet. De Frank Elsen huet mat him iwwert d’Asteroiden an de Klimawandel geschwat.
Den Amerikaner Rusty Schweikart huet als Astronaut am Apollo-Programme vun der Nasa matgeschafft. Bei der Missioun “Apollo 9” huet hie fir déi éischte Kéier d’Mountlandefär op Aerdorbit getest. Hien zielt zu de Grënner vun der Association of Space Explorers a beschäftegt sech zënter Jore mat den Asteroiden.
Aktuell géif ee probéieren, de Leit weltwäit d’Asteroide méi no ze bréngen. D’Zil wier et net nëmmen d’Riske ma och d’Avantagë vun den Asteroiden z'erkläeren, esou de Rusty Schweikart. Agefouert gouf den Asteroiden-Dag vun de Vereenten Natiounen. 2016 huet Lëtzebuerg jo mat enger Initiative ugefaangen, fir Ressourcen am Weltall ze notzen.
Aus dem All kann een dann och Naturkatastrophen ewéi Bëschbränn oder Äschewolleke gesinn. Deemno loossen sech d’Zeeche vum Klimawandel aus dem Weltraum kloer erkennen. Dem Rusty Schweikart no, kann ee beispillsweis d’Zerspléckung vun de Flëss an d’Ëmweltverschmotzung gesinn.
Am Kader vum Asteroiden Dag goufen hei zu Lëtzebuerg dann och Debatte mat Experten, Wëssenschaftler an Astronauten iwwert d’Roll vun den Asteroiden an eisem Sonnesystem organiséiert. Donieft, kruten d’Leit am Cerclé Cite d’Méiglechkeet Ateliere ronderëm d’Asteroiden an Teleskopen z’entdecken.
Dans le cadre de l'Asteroid Day 2019, la Luxembourg Space Agency invite le grand public à rencontrer et à s'échanger avec trois astronautes ainsi qu'avec des experts en matière de sciences planétaires. L'événement dont l'accès est gratuit aura lieu le samedi 29 juin 2019 entre 13h30 et 15h30 au Cercle Cité (place d'Armes, Luxembourg). En outre, un atelier de construction de télescopes ainsi qu'un stand avec un planétarium seront proposés par le Luxembourg Science Center et le Musée national d'histoire naturelle. SES, l'opérateur de satellites de premier plan à l'échelle mondiale et basé à Betzdorf, sera également présent au Cercle Cité avec un stand qui s'adresse aux enfants.
La séance de rencontre avec les astronautes ainsi que les autres activités proposées visent à sensibiliser les jeunes à l'exploration de l'espace et à susciter chez eux des vocations scientifiques vers les filières du spatial et de l'astronomie.
L'événement a lieu dans le cadre de l'Asteroid Day, qui se présente sous forme d'une émission mondiale de 24 heures retransmise e.a. sur https://asteroidday.org/ comprenant des débats et des interviews avec des experts, des scientifiques, ou encore des astronautes, au sujet de l'espace et du rôle joué par les astéroïdes dans notre système solaire. Le Vice-Premier ministre, ministre de l'Économie, Étienne Schneider, et Marc Serres, CEO de la Luxembourg Space Agency, interviendront en direct le vendredi 28 juin 2019 à partir de 12h.