Héich epidemesch AktivitéitExperte recommandéieren Impfung géint Gripp

RTL Lëtzebuerg
En Enn vun den Influenza-Infektioune géif een net gesinn, eng zweet Well wär och méiglech. Normalerweis gëtt en Héichpunkt fir Februar a Mäerz erwaart.
© AFP

Ronn zwou Wochen dauert et, bis no enger Gripp-Impfung e kompletten Impfschutz opgebaut ass. D’Gripp-Impfung ka jo och gläichzäiteg mat der Corona-Impfung gemaach ginn. Besonnesch eeler a vulnerabel Leit solle sech schützen. Hei am Land huet de Staatslabo d’lescht Woch vu enger “ganz héijer epidemescher” Aktivitéit geschriwwen. 14,6 Prozent vun de Consultatioune wäre wéinst Gripp-Symptomer gewiescht.

Wann en Ofstréch gemaach gouf, ass den Influenzavirus A am meeschten nogewise ginn, 36,6 Prozent.

A 15 Prozent vun de Fäll war et de Rhinovirus an 13,4 Prozent RSV.

Back to Top
CIM LOGO