
Enn November war keen Uerteel gesprach ginn, well d'Riichter eng weider psychiatresch Expertis vum Ugekloten ordonnéiert haten. Do virdrun hat de Vertrieder vum Parquet wéinst versichtem Mord ëmmerhi 15 Joer Prisong fir en haut 26 Joer ale Mann gefrot.
Deen hat virun eppes méi wéi annerhallwem Joer am Auto vu sengem Cousin eng Fläsch mat Bensinn dran ugefaangen; de Mann war no der Dot fortgelaf a kuerz drop an engem Foyer festgeholl ginn. Dat Mannst, wat ee ka soen, ass, dass déi zweet psychiatresch Expertis him ferm zegutt komme kéint.
Well amplaz vu 15 Joer Prisong, wéi nach am November gefuerdert, huet de Vertrieder vum Parquet e Méindeg fonnt, de Mann misst vum Zweiwel profitéieren: Deemno kéint hie fir zum Zäitpunkt vun der Dot onzourechnungsfäeg erkläert ginn, an d'Riichter sollten doriwwer decidéieren, ob hie sollt placéiert sinn. D'selwecht wéi d'Presidentin vum Geriicht huet de Vertrieder vum Parquet nämlech en Ënnerscheed an de Konklusioune vun den zwee Experte gesinn!
Deen neien hat um Ufank vun der Sëtzung betount, d'psychotesch Symptomer vum Mann hätte mat 23 Joer ugefaangen; dunn hätt dee fir d'éischt Stëmmen héieren. Fréier oder spéider wär et zu engem psychoteschen Delirium komm, sou de Psychiater. Am September 2017 hätt de Mann sollen ageliwwert ginn, ma well dat Ganzt ze laang gedauert hätt, wär hie senger Wee gaangen; hien hätt doropshin deliréiert a sech a säi Cousin wëllen ëmbréngen, well hien an enger Wahnstëmmung seng Repèrë verluer hätt. Den Expert, deen de Mann am Februar zu Schraasseg gesinn hat, huet festgehalen, mental Trubelen zum Zäitpunkt vun der Dot hätten dozou gefouert, dass hien net méi Meeschter vu sengen Handlunge war. De Mann wär net geféierlech an net ze bestrofen, mä misst behandelt ginn, an annerhalleft Joer am Prisong misst duergoen!
Dogéint sot déi 1. Expert, si géif eng gewëss Responsabilitéit gesinn, ausser hie géif d'Drogen op der Säit loossen. „De Mann ass awer fir Iech strofrechtlech responsabel! Et mécht Angscht, wann ee sou verschidde Rapporten huet!“, huet d'Riichterin ze bedenke ginn, wouropshin d'Expert gemengt huet, hir Konklusiounen an déi vum zweeten Expert géifen awer an déiselwecht Richtung goen. Wat d'Presidentin vum Geriicht an de Vertrieder vum Parquet allerdéngs anescht gesinn hunn. De Me Says, Affekot vum Mann, huet virun deem Hannergrond och drop plädéiert, dass säi Client sollt placéiert ginn.
De 14. Mee gëtt d'Uerteel gesprach.