Invité vun der Redaktioun (2. November)Fabio Secci (CMCM): Méi Remboursementer, mä och Cotisatioun

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun ëm 10 op 8 war de Generaldirekter vun der CMCM.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Fabio Secci
Invité vun der Redaktioun ëm 10 op 8 war de Generaldirekter vun der CMCM.

Op den 1. Januar triede fir déi ronn 270.000 Membere vun der Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste eng Partie Changementer, also verbessert Prestatiounen, a Kraaft.

D'CMCM huet viru Kuerzem an deem Sënn hir Statutte geännert, well d'Mutuelle en Excédent vu 6-7 Milliounen Euro erwirtschaft huet. Geschate 4 Milliounen Euro dovunner sollen elo bei d'Membere vun der CMCM zeréckfléissen.

D'Caisse Médico gëtt eng éischte Kéier eppes fir Osteopathie bäi, an Héicht vu 25 Euro d'Joer. Donieft ginn d'Prestatiounen an der CMCM Assistance fir Noutfäll am Ausland a beim Rapatriementer. D'Leeschtunge bei den Zänn ginn no Kierzungen an de leschte Joren deels nees no uewe geschrauft.

Ganz nei ass dann eng Assurance, déi een ofschléisse kann, fir eng Rees z'annuléieren.

Verbessert Leeschtungen, dat bedeit awer och eng Cotisatiounshausse. D'Bäitreeg bei der CMCM gi vum 1. Januar un ëm 6 Euro d'Joer erop. Et hätt een aus der Erfarung beim Denta an OptiPlus geléiert, déi 2010 e risegt Lach an d'Keess gerappt haten, sot um Donneschdeg de Moien de Generaldirekter vun der CMCM Fabio Secci bei eis am Interview.

Dat selwecht gëllt fir d'Remboursementer bei der Zännmedezin. Och hei géif sech de Fabio Secci wënschen, datt déi ëffentlech Sécurité sociale méi séier modern géif ginn. Hei kéint d'CMCM duerch hir Prestatiounen dozou bäidroen, datt déi ëffentlech Acteure mussen nozéien.

D'Caisse Médico rembourséiert den Ament an Zäit vun 10 bis 14 Deeg. Et schafft een awer drun, fir an Zukunft zwee mol d'Woch auszebezuelen.

Invité vun der Redaktioun ëm 10 op 8 war de Generaldirekter vun der CMCM.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO