Den Numm Place Marie-Adélaïde seet warscheinlech esouguer zu Ettelbréck net jidderengem eppes. Ma wann ee Maartplaz oder Monopolsplaz seet, wësse Leit queesch uechter d’Land, wéi eng Plaz gemengt ass. Bis elo gouf se virun allem als Parking genotzt, ma an deenen nächsten zwee Joer gëtt d’Plaz fir 5,7 Milliounen Euro ëmgestalt. Hei entstinn ee Kiosk an eng Spillplaz. Laang gouf iwwert ee Reamenagement vun der Plaz geschwat an och deels gestridden. Ma zanter e puer Woche rullen d’Baggeren zu Ettelbréck...
An dat nawell zimmlech emseg. An enger éischter Phase gëtt d’Haupeschbaach, déi ënnert der Plaz erduerch leeft, nei kanaliséiert an déi verschidde Reseaue ginn erneiert. Duerno ass et dann um neien Dallage, deen déi selwecht Faarf wéi an der Foussgängerzone wäert kréien, nämlech Rose de la clarté. Et wäert eng Spillplaz entstoen, déi, passend zu engem vun den Nimm vun der Plaz, d’Thema Maart opgräift. Häerzstéck vum Projet ass awer ganz kloer de geplangte Pavillon.
Bob Steichen (Buergermeeschter vun Ettelbréck): “Dat ass ee wichtegt Element, dat gesäit een och op der Plaz. Am Moment ass do eng gro Këscht, déi net sou aluedend ausgesäit an dat ass am Fong den Accès fir an ee RÜB, also ee Regenüberlaufbecken, deen ënnert der Plaz läit. An d’Iddi war am Ufank vun deem Projet, ebe genau deen Accès an ee Pavillon ze integréieren, datt déi Këscht verschwënnt, datt deen Accès mat an ee Pavillon integréiert gëtt. Well mer och einfach geduecht hunn, datt et fir eng Opwäertung vun der Plaz gutt wier, wann och ee Pavillon, eng kléng Restauratioun dohi géif kommen, fir déi Plaz ze beliewen.”
Iwwert vill Joren ewech war d’Place Marie-Adélaïde een eenzege grousse Parking. Vun deene ronn 90 Plaze wäerten der nach eng 50 iwwreg bleiwen. Dat nawell guer net zur Freed vun enger Partie Geschäftsleit op der Plaz. De Buergermeeschter seet, et wier engersäits wichteg, datt Parkméiglechkeeten op der Plaz bleiwen, mee anerersäits:
Nach eemol de Bob Steichen: “Mir hunn eigentlech déi grouss Chance, datt mer mam Däich eng grouss Parkplaz hunn, mat elo engem Parkhaus wat awer ganz no um Zentrum ass. Et ass natierlech ëmmer e bëssi eng Saach vun der Perceptioun, mee et ass eben och de Foussgängeriwwergank vum Zentrum an den Däich ass eben och mat där neier Bréck nei gestalt ginn, méi frëndlech gestalt ginn, méi breet gestalt ginn, fir eben och de Leit ze erméiglechen, datt se vun där Parkplaz och gutt an den Zentrum kommen. An do hu mer 1.000 Parkplazen, wou een och eigentlech zu all Moment ëmmer eng Parkplaz fënnt.”
Geschafft gëtt zu Ettelbréck och op där anerer Säit vun der Uelzecht. Hei soll de Leit den Zougank zum Waasser erliichtert ginn. Vum Däich bis zur Gare soll eng Zort Parkareal mat Chalet a Minigolf entstoen.