RéckruffFäerdegpackung Sauermous vun der Mark "Kühne" gëtt vum Massen zréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der potenzieller Gefor vu metallänleche Friemkierper gëtt de "Sauermous mat Schwarzwälder Speck Fix&Fertig Standbeutel" zréckgeruff.
© RTL

Virun allem betraff wieren d'Päck vu 400g mam Mindesthaltbarkeetsdatum vum 7. Mee 2023.

Wann e Friemkierper verschléckt géif ginn, kann eng Erstéckung oder d'Gefor vun ënnerleche Blessuren net ausgeschloss ginn.

De Produit gëtt vum Massen op der Wemperhaart zréckgeruff. Et kann awer net ausgeschloss ginn, datt d'Fäerdegpackung och an aner Butteker verkaf gëtt.

De komplette Communiqué fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO