Den Dossier vu Fage ass nach virun der Reform iwwert d’Ëmweltimpaktetüd vun 2018 eragereecht ginn, sou datt déi sougenannt „commodo incommodo“-Prozedur nach nom ale Modell leeft. Laut Schema um Internetsite vum „Environnement“ hunn d’Ëmwelt- an Aarbechtsministèren, no der Enquête publique bei de concernéierte Gemengen, 45 Deeg Zäit, fir eng Decisioun ze huelen: Autorisatioun oder Refus. Den Dossier Fage ass aktuell an dëser Etapp vun der Prozedur.
Dësen Delai muss awer net onbedéngt agehale ginn. Aus aus engem Urteel vun der Cour administrative vun 2008 geet nämlech ervir, datt deen Delai just „indicativ“ wier. Gëtt et keng Decisioun vun de Ministèren an deene 45 Deeg, da bedeit dat net automatesch, datt de Projet autoriséiert oder refuséiert ass. Aus dem Ëmweltministère heescht et och, datt een aktuell 1.000 Dossieren ze traitéieren hätt an ee sech déi néideg Zäit wëll ginn, fir den Dossier Fage uerdentlech ze traitéieren.
Kënnen d’Autoritéiten dann de Projet nach verwerfen, wa Fage awer all d’Critèren erfëllt? Wéi et schéngt „Jein“. Eigentlech muss Fage onparteiesch behandelt ginn, huet den LSAP Wirtschaftsminister Franz Fayot en Dënschdeg de Moien um 100,7 gesot. Déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, déi sot d’lescht Woch hei op RTL, de Projet wier „problematesch“. Eng Ausso, déi een esou kann interpretéieren, wéi wa si gär Fage géing decouragéieren, hir Fabrick hei am Land ze bauen.
No Commodo, d‘Baugeneemegungen
Den CSV-Buergermeeschter vu Beetebuerg Laurent Zeimet sot en Dënschdeg de Moien hei op RTL Radio Lëtzebuerg, hie wier optimistesch, datt d’Regierung hir Positioun ännert. Hie seet dat am Zesummenhang mat der ëmstriddener Vente vum Terrain vum Staat un de griichesche Jugurtsproduzent virun 3 Joer. Hei wiere Fakte geschaaft ginn. De Rechnungshaff analyséiert déi Vente am Moment an de Laurent Zeimet mengt: „vläicht ass et méiglech, ewéi bei der Iechternacher Sprangprozessioun, och emol erëm ee Schratt zeréckzegoen a vläicht erëm vu vir unzefänken“.
Den Diddelenger Député-Maire Dan Biancalana seet, datt et souwisou nach e puer Etappe ginn, iert d’Baggere fueren: „Fir datt dee Projet Realitéit gëtt, ass natierlech d’Regierung an der Verantwortung, well et ass déi, déi eng autorisation d’établissement gëtt an et ass och réischt dorops hin, datt d'Baugeneemegunge kënnen ausgestallt ginn“. Erfëllt de Projet vu Fayé awer all d’Critère vun de Gemengen hire Bautereglementer a vum allgemenge Bebauungsplang (PAG), dann ass et fir eng Gemeng awer schwéier, e Refus fir eng Baugeneemegung ze rechtfäerdegen.
Vu Säite vu Fayé krute mer iwwregens keng direkt Reaktioun op déi negativ Avise vun de Gemenge Beetebuerg an Diddeleng. Mir si gebiede ginn, ee Mail mat Froen ze schécken, a waarden elo op eng Äntwert.
Artikel: "Beetebuerg ferm retizent, Diddeleng kritesch" mat all de Commentairen zum Sujet