Cour d'appelFahrerflucht oder net? Uerteel ass fir de 27. Mee ugesat

RTL Lëtzebuerg
Fir en Affekot an Ex-Buergermeeschter soll wéinst Fahrerflucht déiselwecht Strof wéi an 1. Instanz gesprach ginn, sou d'Fuerderung vum Parquet général.

Dat huet um Méindeg de Moien op der Cour d'appel an der Stad d'Vertriederin vum Parquet général gefrot. Deemno géif et fir de 56 Joer ale Mann bei enger Geldstrof vun 3.500 € an engem Fuerverbuet vun 18 Méint mat Sursis bleiwen. Hien hat am Juni 2017 um Briddel en Accident provozéiert, eventuell mat ze vill Alkohol am Blutt. Deemools war de Mann mat sengem Auto an e geparktent Gefier gerannt. Wéi d'Police op d'Plaz vum Accident koum, war hien net méi do, well hien déi Zäit vu sengem Hausdokter gebutt gouf. Well sech de Mann eréischt den Dag drop bei der Police gemellt hat, konnt säin Alkoholtaux net méi festgestallt ginn.

Fahrerflucht oder net? Reportage vum Eric Ewald

Vum Virworf vum Fueren ënner Alkoholafloss war den Affekot an 1. Instanz fräigesprach ginn. D'Vertriederin vum Parquet général huet dee Fräisproch net a Fro gestallt. D'Fahrerflucht dogéint wär zréckzebehalen, well de Mann net op der Plaz vum Accident war, wéi d'Police koum. Et hätt kee gewosst, wou hie war. Dat wär eréischt no enger Zäit erausfonnt ginn. Et wär keen an der Praxis gewiescht, den Dokter hätt net direkt opgehuewen an de Mann wär net méi ze sprieche gewiescht. Deen hätt net klipp a kloer gesot, wou hie géif hifueren, wéisst awer als Affekot, wat d'Konsequenze sinn, wann no engem Accident net déi néideg Feststellunge gemaach ginn. Dofir sollt dat 1. Uerteel confirméiert ginn. Fir den Affekot vum Mann hätt een Appell gemaach, well keng Fahrerflucht virgeleeën hätt: Nom Accident hätt sech den Dokter ëm säi Client bekëmmert, sot de Me Philippe Penning, an decidéiert, d'Wonn, déi geblutt huet, an der Praxis ze bitzen. De Problem wär, dass e Polizist a sengem Rapport geschriwwen hat, säi Mandant hätt gedronk an dat wëlle verstoppen. Dat wär falsch, well et hätt kee gesot, de Mann hätt en Zeeche gewisen, dass e voll war. „Et gouf laang nom Mann gesicht, hien awer net méi fonnt, an dono war e verschwonnen!“, huet d'Presidentin vum Geriicht bemierkt. De Mann wär, op Grond vun engem Rendez-vous mat sengem Papp, bei dee gefuer, huet den Affekot vum Ugekloten erkläert, an et hätt keen op der Plaz vum Accident gesot, hie misst do bleiwen. De Mann wär dowéinst fräizespriechen.

De Beschëllegte selwer huet betount, all Mënsch hätt gewosst, dass hien an d'Praxis vum Dokter fuere géif, an et wär jiddereen domat d'accord gewiescht. Bei sengem Papp wär hien agenäipt an hätt dono net de Reflex gehat, fir der Police unzeruffen. Et hätt kee Grond dofir ginn, dass d'Police net sollt kommen, an hien hätt keng Fahrerflucht gemaach, sou de Mann.

D'Appelluerteel ass fir de 27. Mee.

Back to Top
CIM LOGO