
D’Ausbreedung vum Coronavirus huet sech an där Woch stabiliséiert. Mat 140 insgesamt goufen 10 Prozent manner Fäll registréiert, wéi nach d’Woch virdrun. Och de Positivitéitstaux ass erofgaangen a läit elo nach bei 5.7 Prozent. Analyse vum Ofwaasser confirméieren, datt de Virus an där Woch manner zirkuléiert ass. D’Gripp stabiliséiert sech der Santé no op engem héijen Niveau. Tëscht dem 29. Januar an dem 4. Februar goufe mat 1.019 Fäll zwar liicht méi festgestallt wéi nach déi Woch virdrun, ma et ass just eng Hausse vun ëm déi 3 Prozent.
D’Zirkulatioun vum RS-Virus, dee bei Kanner uerg Bronchiolitten ausléise kann, ass an där Woch dogéint e bësse méi staark zeréckgaangen. Am Verglach zu de 26 Fäll d’Woch virdrun, sinn an der leschter Januarwoch just nach 14 Fäll festgestallt ginn. De Pic vun der Epidemie dës Saison wier an der Woch vum 11. op de 17. Dezember gewiescht, heescht et vun der Santé.