“152 Fäll vu Mënschenhandel goufen et tëscht 2023 an 2024 zu Lëtzebuerg, an et gëtt sécherlech eng héich Donkelziffer.” Dat betount déi consultativ Mënscherechtskommissioun, kuerz CCDH, déi e Mëttwoch de fënnefte Rapport iwwert Mënschenhandel am Grand-Duché presentéiert huet.
Déi héich Zuel u Fäll vu Mënschenhandel wier virun allem op eng grouss Affär vun 2021 vun Zwangsprostitutioun zu Lëtzebuerg zréck ze féieren, déi aktuell um Geriicht ass. Ma och d’Zuel vun Affer an der Aarbechtswelt géif tendenziell klammen, seet d’Fabienne Rossler vun der CCDH:
“D’Secteuren, déi am meeschte betraff sinn, ass de Horeca-Secteur an de Bau. Puer eenzel Fäll am Travail domestique, Transport an an de Soinen.”
De Gros vun den Affer wiere Fraen, an déi meescht kéimen aus engem Drëttstaat:
“Mat China op éischter Plaz. Déi chineesesch Affer sinn all an der Restauratioun ausgebeut ginn an an den indesch-nepalesesche Restauranten ginn dann och éischter Leit aus där Regioun ausgebeut.”
Aus dem Rapport geet och ervir, datt ëmmer méi Affer online rekrutéiert ginn, wat d’Aarbecht vun den Enquêteuren natierlech schwéier mécht. Et misst versicht ginn, och nei virtuell Forme vu Mënschenhandel éischter ze detektéieren, seet de Max Mousel vun der CCDH an nennt d’Beispill vu Web-Kameraen:
“Do wieren sou Outile wéi “Web-Crawlers”, Outilen déi den Internet duerchsichen an dann Indicen erausfilteren. Déi misste wéi et schonn am Ausland gemaach gëtt, och zu Lëtzebuerg weider ausgebaut a méi benotzt ginn.”
D’consultativ Mënscherechtskommissioun begréisst, datt zanter dem leschten Rapport ënnert anerem d’Police Ressourcë bäikritt huet, déi betraffen Acteuren méi sensibiliséiert sinn an reegelméisseg Formatiounen ugebuede ginn. Positiv ze bewäerten wier dann och, datt d’ITM ëmmer mei Fäll vu Mënschenhandel detektéiert, wat an den Aen vun der CCDH domat ze dinn huet, datt e méi grousst Bewosstsinn do ass a méi proaktiv gehandelt gëtt. Ideal wier awer, wann d’ITM explizitt gesetzlech Kompetenzen am Beräich vum Mënschenhandel krit.
Am Allgemenge wier dann ze bedaueren, datt et et nach ëmmer keen Zeien-Schutzprogramm zu Lëtzebuerg gëtt an datt d’Entschiedegung fir Affer wäit ënnert dem Schued läit, deen se erlidden hunn.