Opgepasst!Falsch Maile vum Generaldirekter vun der Police am Ëmlaf

RTL Lëtzebuerg
Wien esou eng E-Mail kritt huet, soll se am beschten ignoréieren an net drop reagéieren.
© AFP

D’Police krut déi lescht Deeg e puer Virfäll gemellt vu Phishing-Mailen, déi am Numm vum Generaldirekter vun der Police verschéckt gi wieren. Hei goufe Privatpersounen am Kader vun enger presuméierter strofrechtlecher Ermëttlung kontaktéiert. Dëst ass allerdéngs e Fake, sou d’Police.

Donieft biede si d’Leit, déi esou eng Mail kritt hunn, dës ze ignoréieren an net drop ze äntweren.

Back to Top
CIM LOGO