Den Doud vun hirem Mann koum fir d’Faïza Aubry-Bouraï komplett aus dem näischt. De Message koum net vun der Police, mee vun hirem klenge Brudder, deen hir erzielt, wat mam 35 Joer ale Jonathan Aubry geschitt ass. Hire Mann war no der Chrëschtfeier vun der Aarbecht nach weider an d’Péitenger Disko gaangen. Hei koum et zu engem Konflikt mat engem Agent vun der Securitéit. De Jonathan Aubry ass gefall a gouf dobäi déidlech blesséiert.
“Ech konnt et net gleewen. Ech war um Buedem zerstéiert, wou mäi Brudder mir dat gesot huet. Hien huet mäi Gesiicht a seng Hänn geholl a gesot, ‘hien ass dout’. Du sinn ech zesummegebrach.”
16 Joer waren d’Faïza Aubry-Bouraï an de Jonathan Aubry eng Koppel. Zënter 2021 ware si bestuet. Si hu sech quasi hiert halleft Liewe kannt. A genau sou fillt et sech fir déi 34 Joer al Fra un: “Et deet einfach ze wéi, eng Hallschent vu mir feelt einfach.”
Och fir d’Famill vun der Fra ass dat ganzt schwéier ze verdauen. “Ech kennen de Jonathan, zënter dass ech 8 Joer al sinn. Hien huet mech mat grouss gezunn. Hie war net nëmme mäi Schwoer, mee e Vertrauten”, erzielt de Yacin Bouräi, klenge Brudder vun der Fra.

D’Famill vum Affer huet awer net nëmmen den Doud vun hirem Mann a Schwoer ze verdauen, mee si huet d’Gefill, si missten och nach fir Gerechtegkeet an Transparenz kämpfen. “Ech si schockéiert, dass mir bis haut net vun der Police Judiciaire kontaktéiert goufen oder psychologesch Betreiung gebuede kruten. Dat ass net normal”, fënnt d’Fra vum Verstuerwenen.
Si selwer ass klinesch Psychologin a Kriminologin a Frankräich. Fir si ass et onverständlech, dass d’Famill selwer muss no Informatioune gruewen an iwwerhaapt kämpfe misst, fir de Kierper vum Verstuerwene gesinn ze kënnen.
Och dass et esou laang dauert, fir d’Resultater vun der Autopsie ze kréien, ass fir d’Famill onverständlech. Dat huet awer mam Congé judiciaire iwwert d’Chrëschtvakanz ze dinn, wéi ee vun den Affekote vun der Famill Maître Vier erkläert. An awer “et dauert méi laang, fir d’Resultater vun der Autopsie ze kréien, wéi de presuméierten Täter aus der Untersuchungshaft ze entloossen.”

Et wier een entsat doriwwer, dass de presuméierten Täter Silvester feiere konnt a si doheem souzen a getrauert hunn. Si wéilte just Gerechtegkeet fir de Jonathan Aubry an dass esou en Doud net méi virkënnt. Esou en Doud wier nämlech einfach nëmme sënnlos.
D’Affekote Maître Vier a Maître Winkel waarden elo op déi neisten Informatioune vun der Enquête, fuerderen awer och dass de Virfall op der Plaz rekonstruéiert gëtt.
Dës Weidere ruffen d’Affekoten an d’Famill zum “Calme” op. Vu Kommentaren op de soziale Medien, déi dozou opruffen, sech ze rächen an d’Diskothéik ze boykottéieren, distanzéiert sech d’Famill. Et hätt ee Vertrauen an d’Justiz a sollt dës elo hir Aarbecht maache loossen.
Mir hunn och den Affekot vun der Diskothéik kontaktéiert. Hei huet een decidéiert, sech net ze äusseren, bis d’Resultater vun der Autopsie do sinn an ee méi Detailer huet.
An och de Parquet konnt eis, Stand haut (12.01.2024), keng nei Evenementer an dëser Affär matdeelen. “D’Ermëttlunge vun der Police judiciaire si voll amgaangen an d’Instruktioun geet hire Wee.”
Et gëllt d’Présomption d’innocence.
*D’Aussoe vun der Famill an den Affekote goufe vu Franséisch op Lëtzebuergesch iwwersat.*