E Samschdeg géint 2.50 Auer ass eng Persoun an enger schroer Kläpperei déidlech verwonnt ginn.

An der Nuecht op e Samschdeg gouf zu Péiteng an engem Restaurant-Disco eng Persoun déidlech blesséiert. Dat confirméiert d'Police op Nofro vun RTL. An engem ganz kuerze Schreiwes heescht et géint 2.50 Auer wier eng Persoun an enger Ausernanersetzung ëm d'Liewe komm.

E Sonndeg de Mueren huet de Parquet Prezisiounen zum Virfall ginn: deemno war et zu enger Konfrontatioun tëscht engem Member vun der Security an engem Client vun der Disko komm. De Client wier doropshi mam Kapp no vir op de Buedem gefall an hätt sech dobäi schwéier blesséiert, heescht et vum Parquet. D'Secouriste konnten näischt méi fir de 35 Joer ale Mann maachen, dee kuerz Zäit drop u senge schroe Blessure verscheet ass.

De 57 Joer ale Member vun der Security, deen am Virfall bedeelegt war, gouf festgeholl an e Samschdeg de Mëtteg dem Untersuchungsriichter presentéiert. Hie gëtt mat Homicide involontaire, respektiv Coups et blessures volontaires beschëllegt, déi zum Affer sengem Doud gefouert hätten. Hien ass den Ament an Untersuchungshaft zu Suessem. Et gëtt drun erënnert, datt d'Présomption d'innocence gëllt.

Responsabel vun der Diskothéik äussert sech

D'Responsabel vun der Diskothéik, an där dat 35 Joer alt Affer an der Nuecht op e Samschdeg ëm d'Liewe koum, huet sech um RTL-Mikro zum Virfall geäussert. Et hätt eng Ausernanersetzung tëscht dem Member vun der Security an dem Client ginn, deen offensichtlech ze déif an d'Glas gekuckt hätt an déi aner Clientë gestéiert hätt.

Dem Mataarbechter wier et gelongen, de Client festzehalen, mee et wier schlecht ofgelaf. De Client hätt de Mataarbechter fortgedréckt, deen doropshin zeréckgedréckt hätt. Dobäi wier de Client onglécklech gefall an op der Plaz gestuerwen.

De Mataarbechter géif fir d'éischt emol bis Mëttwoch an Untersuchungshaft bleiwen an et géif een elo op Nouvellë waarden, esou déi Responsabel. Si hofft, datt et vir de Mataarbechter gutt ausgeet, well et wier een Accident gewiescht.

Schwoer vum Affer weist sech schockéiert iwwer Aussoe vun der Responsabel vun der Diskothéik

"Et war keen Accident. Mäi Schwoer ass e gudde Mann, deen ëmmer fir all Spaass ze kréie war. Hien huet just gedanzt a säin T-Shirt dobäi zerrappt. Doropshin huet dee vun der Securitéit hien direkt an d'Gesiicht geschloen. Dat huet jidderee vu sengen Aarbechtskolleegen op der Plaz erzielt." 

D'Affer war nämlech mat e puer Aarbechtskolleegen no der Chrëschtfeier an d'Disco zu Péiteng gaangen, fir weider ze feieren.

"Souguer wann e voll war, wéi d'Gerante dat am Interview seet, dann hätt een en einfach solle virun d'Dier setzen an net direkt draschloen." 

De Schwoer an och d'Fra vum Affer fille sech wéi an engem Film. Si hätte keng Infoen, wou de Kierper vum Affer drun ass. "Mir wësse just, dass en dour ass, méi net." 

Vun engem Accident kéint een net schwätzen, sou d'Ausso vum Schwoer.

Police sicht no Zeien

Persounen, déi am Etablissement "Champs Elysées" zu Péiteng waren an Aussoen zu de Faite kënne maachen, respektiv Opname mat hirem Handy gemaach hunn, si weiderhi gebieden, sech bei der Police Judiciaire ze mellen.

Déi kann een iwwert dës Email Adress areechen.

spj.ip-info@police.etat.lu

Schreiwes vum Parquet

Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec un incident mortel à Pétange (24.12.2023)

Un incident mortel s'est produit au petit matin du 23 décembre 2023 dans une discothèque à Pétange.

Une confrontation a eu lieu entre un agent de sécurité et un client de la discothèque. Ce dernier est par après tombé au sol, la tête la première, et s'est grièvement blessé. Malgré des soins médicaux intensifs, l'homme de 35 ans est décédé peu de temps après.

L'agent de sécurité impliqué dans l’incident a été arrêté et présenté hier après-midi au juge d'instruction. Au cours de l'interrogatoire, l'homme de 57 ans a été inculpé de coups et blessures volontaires ayant entraîné la mort, respectivement d'homicide involontaire et un mandat de dépôt a été émis. Il se trouve donc actuellement en détention préventive au Centre pénitentiaire de Sanem.

L'enquête se poursuit et la police judiciaire reste à la recherche de toute information utile.

Le principe de la présomption d'innocence est rappelé.