
Vun den am Ganze ronn 8.000 Handwierksbetriber am Land wieren der schätzungsweis gutt 80% den Ament zou.
Allgemeng ass et den Opruff vun der Federatioun, dass oppe Rechnunge wannechgelift solle bezuelt ginn, fir dass d’Liquiditéite weiderhi kéinte fléissen.
Et géif een d’Mesurë vun der Regierung, fir de Virus an de Grëff ze kréien, ënnerstëtzen.
Soubal déi sanitär Situatioun et erlaabt, missten d’Aarbechten awer nees ënnert adequate Sécherheetskonditioune kënnen ulafen.
Esou Preparatioune géife gefouert ginn, fir dass, soubal d’Santé an d’Regierung gréng Luucht ginn, d’Betriber bescht-méiglech preparéiert wieren.