
Wéi d’Police confirméiert, ass eng Persoun schro blesséiert ginn, ëm déi sech den Ettelbrécker Samu-Noutdokter gekëmmert huet. Si gouf an d’Spidol ageliwwert.
D’Pompjeeën aus der Nordstad, vun Angelduerf, Bettenduerf a vun Tandel waren am Asaz. D’Feier war géint 7 Auer geläscht. D’Police ass e Freideg de Moien op Uerder vum Parquet op der Plaz, fir d’Brandursaach ze determinéieren an ze kucken, op d’Wunnengen no dem Feier nach bewunnbar sinn.
D’Esplanade war wärend de Läschaarbechten a béid Richtunge komplett fir de Verkéier gespaart. D’Police huet drop verwisen, dee Beräich groussraimeg ze ëmfueren. Antëscht ass d’Strooss awer nees op.
E weidert Feier gouf et en Donneschdeg den Owend géint 18.40 Auer zu Stroossen op der Route d’Arlon. Eng Persoun war bei engem Feier an engem Appartement blesséiert ginn. Eng Ambulanz vu Mamer a Pompjeeë vu Bartreng, Mamer an aus der Stad waren am Asaz. Zu ongeféier der nämmlechter Zäit sinn och d’Pompjeeë vu Monnerech a Schëffleng wéinst engem Feier an engem Kamäin intervenéiert. Hei blouf et beim Materialschued.