
Noperen haten d'Pompjeeën alarméiert. D'Feier war um Rez-de-chaussée vum Haus, dat soll ofgerappt ginn, ausgebrach. D'Pompjeeën haten d'Flame séier ënner Kontroll.
D'Feier war wahrscheinlech am Nomëtteg vun Aarbechter ugefaangen an dunn onkontrolléiert ausbrenne gelooss ginn. D'Flamen hate virun engem oppene Kamäin op eng Dunn iwwergegraff, déi doropshin a Brand geroden ass. Et ass kengem eppes geschitt.
Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Gréiwemaacher-Mäertert mat am ganzen 10 Mann. Ënnerstëtzung kruten si vum Corps vu Wuermer.
En Accident tëscht 2 Autoe gouf et e Freideg de Moien zu Housen. 2 Persoune goufe liicht blesséiert. D'Ambulanze vu Wolz an Housen waren op der Plaz, grad wéi den Asazzenter vun Housen.