
Géint 8 Auer war zu Miersch an der Rue de la Gare e Motocyclist gefall, hi gouf dobäi blesséiert. Déi lokal Ekippen an hir Kolleegen aus der Nordstad waren am Asaz.
Ronn eng Stonn méi spéit sinn zu Beetebuerg zwee Busser net laanschtenee komm, eng Persoun gouf vun de Rettungsdéngschter vu Beetebuerg an Esch behandelt.
An der Clairefontainestrooss zu Gilsdref hatt dann e Feld géint 10.30 Auer gebrannt. D’Ekippe vu Bettenduerf, Noumer, der Nordstad, Reisduerf an der Fiels waren am Asaz.
Zwee Blesséierter gouf et dann op der Boukelsser Millen, wéi en Auto e Rollstull ze pake krut. Geruff goufen d’Rettungsdéngschter aus Wolz, Alebesch, der Nordstad a Géisdref.
Kuerz no dräi waren zu Esch an der Lëtzebuergerstrooss en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Ëm déi 3 Blesséiert hu sech d’Ekippe vun Esch, Diddeleng a Keel gekëmmert.
A géint 15.40 huet tëscht der Fiels an Hiefenech e Feld gebrannt. Nieft de lokale Rettungsdéngschter waren d’Ekippe vu Bäerdref, Colmer-Bierg, Noumer a Konsdref am Asaz.