5 nei PetitiounenFëmmverbuet op Terrassen oder Sécherheet op Vëlospisten

RTL Lëtzebuerg
Et gi 5 nei ëffentlech Petitiounen, déi een online ënnerschreiwe kann.

Dorënner eng, déi sech fir d’Affer vu Gewalt asetzt, et gëtt dann op en Neits e Fëmmverbuet op Terrasse gefrot, an zwar do, wou et eppes z’iesse gëtt oder nach eng aner Petitioun fuerdert méi Sécherheet op de Vëlospisten. Eng véiert Petitioun fuerdert dann, datt bei der P&R-Politik vun den CFL eng Ausnam fir Studente vun der Uni Lëtzebuerg soll gemaach ginn an déi lescht fuerdert, datt de Plaffong vun den Zënsen an de Assurancë bei de Steieren soll eropgesat ginn.

D’Petitioune musse bannent den nächsten 42 Deeg méi wéi 4.500 gülteg Ënnerschrëfte sammelen, fir dass et zu engem Debat an der Chamber kënnt. 18 Petitioune sinn den Ament op petitiounen.lu ze fannen.

Den Iwwerbléck vun den neie Petitiounen

2963: Fëmmverbuet op Terrassen, wou et eppes ze iesse gëtt.
2960: Sécurité sur les pistes cyclables
2958: Demande d’exception à la politique de stationnement P+R des CFL pour les étudiants de l’Université du Luxembourg
2946: Réévaluation des mesures de protection actuelles envers les victimes de violences
2942: Augmentation du plafond forfaitaire de la rubrique ‘Intérêts débiteurs et primes d’assurances’ des dépenses spéciales de l’imposition sur le revenu annuel des personnes physiques

Back to Top
CIM LOGO