CGDIS a PoliceFënnef Blesséierter am Stroosseverkéier e Freideg den Owend

RTL Lëtzebuerg
De Weekend huet mat enger ganzer Partie Accidenter op eise Stroossen ugefaangen.
© Laurent Weber / RTL (Archivbild)

E Freideg den Owend géint 17:30 Auer huet et op der A6 Richtung Stad geknuppt. Zwee Autoen waren doran verwéckelt, et gouf ee Blesséierten.

Kuerz drop géint 17:50 Auer huet et zu Konter tëscht zwee Gefierer gerabbelt. Och do gouf eng Persoun verwonnt. Wéi d’Police mellt huet ee Chauffer sech duerch d’Bascht gemaach, konnt kuerz drop awer op engem Parking fonnt ginn. En Alkoholtest war positiv an hie misst säi Fürerschäin ofginn. Hie koum mat liichte Blessuren an d’Spidol, d’Automobilistin am anere Won gouf iwwerdeems net blesséiert.

Zu Gouschteng si kuerz virun 20 Auer een Auto an e Motto net laanschteneen komm. Och do gouf et ee Blesséierten.

Géint 23 Auer gouf et een Accident tëscht zwee Autoen op der A3 Richtung Lëtzebuerg. Och do gouf eng Persoun verwonnt.

Der Police gouf kuerz viru Mëtternuecht dann och nach een Auto um Wandhaff op der Kräizung tëscht der Rue de Koerich an der Rue d’Arlon gemellt. De Won war an engem Accident gewiescht a stoung mat ofgerapptem Pneu matten an der Kräizung. Och hei war en Alkoholtest positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.

An der Nuecht op e Samschdeg géint 1:15 Auer op der A13 Héicht Fréiseng sinn nach eemol zwee Autoen aneneen gerannt. Och do mellen d‘Rettungsdéngschter ee Blesséierten.

Op der A3 gouf et da géint 5 Auer um Samschdeg de Moien nach eng kuerz Course-poursuite tëscht der Police an engem aneren Auto, deen de Policewon mat héijer Vitesse a Richtung Frankräich iwwerholl hat. D’Police konnt den alkoholiséierte Mann awer stoppen. Well hien ze vill gedronk hat, gouf eng Plainte gemaach.

Bus géint Auto zu Esch

Em Samschdeg de Moie mellt de CGDIS dann nach ee Accident tëscht engem Bus an engem Auto zu Esch an der Rue Jos Kieffer. Beim Tëschefall goufe géint 9 Auer zwee Mënsche blesséiert.

Eng Camionnette an een Auto waren da schonn géint 7 Auer um CR110 tëscht Kënzeg a Grass net laanschtenee komm. Hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO