
Am Prozess ëm virun allem Sequestratioune vun engem jonke Mann sinn am Nomëtten op der Cour d'appel an der Stad fest Prisongsstrofe vun tëscht 2 a 16 Joer gesprach ginn. An 1. Instanz waren dofir nach tëscht 4 an 18 Joer erausgesprongen. D'Haaptaffer krut donieft nach 5.000 Euro Schuedenersatz zougesprach.
5 Männer ware fir den Zäitraum vun Enn 2014/Ufank 2015 3 Haaptvirfäll virgehäit ginn. Deemools war d'Haaptaffer ënner anerem mat enger Waff an engem Messer bedreet ginn, an och e Kolleg vun him gouf mat engem Messer menacéiert.