FOTOEN a VIDEOFestival des migrations: Kulture kenneléieren um Kierchbierg

Lynn Cruchten
Et ass ewell déi 36. Editioun vum Festival, dee vum CLAE, dem Comité de liaison des associations d'étrangers, organiséiert gëtt.
© Paul Theisen

Dëse Weekend ass an der "Luxexpo The Box" um Kierchbierg déi 36. Editioun vum Festival des migrations.

Dësen Evenement bitt d'Geleeënheet, friem Kulture kennenzeléieren, hir kulinaresch Spezialitéiten ze schmaachen an traditionell Kleeder, Bijouen oder Dekoratiounsartikelen aus der ganzer Welt ze kafen.

Ronn 400 Verkafs- an awer och Informatiounsstänn verdeele sech iwwert d'Hale vun der "Luxexpo The Box".

E Samschdeg am Nomëtteg war déi offiziell Ouverture vum Festival mat Riede vun den Organisateuren a vu Politiker. An hei goung et nieft dem Multi-Kulti-Land Lëtzebuerg och ëm d'Wichtegkeet vun Europa. An deem Kontext gouf och en Appell un alleguer d'Leit gemaach, fir de 26. Mee bei den Europawale matzewielen.

VIDEO: 36. Editioun vum Festival des migrations
De Festival an der "Luxexpo The Box" um Kierchbierg gëtt all Joers vum CLAE, dem Comité de liaison des associations d'étrangers, organiséiert.

FOTOGALERIE: Andréck vun der Ouverture vum Paul Theisen.

Back to Top
CIM LOGO