Klengen IwwerbléckFestivitéiten um Virowend vun Nationalfeierdag an der Haaptstad

Christophe Hochard
Dëse Freideg ass Nationalfeierdag. Op ville Plazen am Land gëtt schonn um Virowend gefeiert, esou och an der Haaptstad.
null
Dëse Freideg ass Nationalfeierdag. Op ville Plazen am Land gëtt schonn um Virowend gefeiert. Sou och an der Haaptstad.

Lass geet et mam Fakelzuch owes um 21.20 Auer. Dëse wäert eng 650 Meter laang sinn an an der Groussgaass ufänken. D’Freedefeier gëtt vun 23 Auer un ofgeschoss. Fir d’éischte Kéier no 2013 wäert och de Knuedler nees matagebonne ginn. De Fakelzuch wäert op dëser Plaz laanschtzéien.

Do dernieft ginn an der Stad Lëtzebuerg och eng ganz Partie gratis Concerten ugebueden. Sou zum Beispill um Glacis. Dofir ass dëse fir d’Parke vun den Autoen zou. Eng 20.000 Leit gi sech hei erwaart. Des Concerte si souwuel den 22. ewéi och den 23. Juni.

Eng 100.000 Mënsche gi sech den 22. Juni an der Lëtzebuerger Haaptstad erwaart. Dofir gëtt recommandéiert, den Auto doheem stoen ze loossen, an op den ëffentlechen Transport zréckgräifen. Oder de Won op engem P&R ofstellen an dann den Transport Public ze notzen.

Um Virowend vu Groussherzogsgebuertsdag hunn déi Responsabel vun der Stad Lëtzebuerg “fräi Nuecht” accordéiert. Dat heescht, d’Bistroe si bis nuets 3 Auer op.

Fir d’Kanner gëtt och villes gebueden. D’Spillfest den 23. Juni gëtt vu moies 10 bis 18 Auer op der Kinnekswiss organiséiert.

Um Internetsite nationalfeierdag.vdl.lu ginn et all wichteg Informatioune ronderëm de Virowend vu Nationalfeierdag ewéi och den 23.Juni selwer.

PDF: Adaptéierte Plang vum ëffentlechen Transport fir Nationalfeierdag

Back to Top
CIM LOGO