RegierungsrotFeu vert fir den Neibau vum Lycée technique Bouneweg

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg war de leschte Regierungsrot virun de Walen ouni de Premier Xavier Bettel, well deen zu Granada um informellen EU-Sommet war.

Ënnert der Presidence vun der Vize-Premierministesch Paulette Lenert gouf de staatlechen Engagement confirméiert, fir weider Logementsprojete vu privaten Acteuren opzekafen. Projeten, déi nach net fäerdeg realiséiert sinn.

Da gouf et am Conseil de Feu Vert fir den Neibau vum Lycée technique Bouneweg. Nieft dem aktuelle Site vum LTB wäert et eng nei Constructioun ginn mat Plaz fir méi wéi 2.000 Schüler.

Da goufen eng Hellewull Gesetzer a Reglementer a punkto Som, Planzen a Geméis ugeholl. Ënner anerem soll via Reglement den Asaz vun Ammoniak a verschiddenen Domäne reduzéiert ginn.

Um Enn goufen nach Reglementer ugeholl, déi Changementer an der Juegd bréngen, ënner anerem wat de Gebrauch vu Waffen an d’Roll vun Hënn ugeet.

Back to Top
CIM LOGO