
Den Tribunal administratif huet hire Recours dogéint nämlech als justifizéiert ugesinn an dowéinst d'Decisioun vum Buergermeeschter vun November 2017 annuléiert, fir enger Sàrl z'erlaben, en Appartementshaus mat 4 Unitéiten ze bauen.
D'Fielsser Gemeng hätt och keng Indemnité de procédure zegutt a misst fir d'Fraisen opkommen.
Duerch en Avis vum Oktober 2017 gouf de Public doriwwer informéiert, dass eng Sàrl eng Demande eragereecht hat, fir eben en Appartementshaus mat 4 Unitéite bauen ze dierfen. Deeselwechte Mount hat eng direkt Nopesch vum Terrain, op deem sollt gebaut ginn, hir Oppositioun dozou bekannt gemaach. De Buergermeeschter hat der Fra am November 2017 geäntwert, dass de Projet konform wär zum Bautereglement; eng Woch drop hat d'Sàrl dann och d'Autorisatioun fir de Bau vum Appartementshaus kritt. D'Fra war am Februar zejoert dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen, fir dës Baugeneemegung annuléiert ze kréien.
Déi 1. Riichter halen an hirem Uerteel ënner anerem fest, dass d'Corniche - engem Artikel vum PAG no - e maximalen Iwwerstand vun engem hallwe Meter dierft hunn, de Kullang mat agerechent. Op de Säiten dierft deen Iwwerstand dogéint net méi wéi 10cm ausmaachen. Den autoriséierte Pläng no géif deen Iwwerstand op de Säiten déi maximal 10cm awer iwwerschreiden, an zwar ëm eng 20cm, wat d'Gemeng och net bestreide géif, sou den Tribunal administratif. D'Baugeneemegung wär deemno a Violatioun vun deem Artikel vum Plan d'aménagement général accordéiert ginn, an déi Violatioun géif en Element vun der Constructioun betreffen, op déi d'Nopesch eng direkt Vue hätt. Dowéinst kéim den Tribunal administratif zur Konklusioun, dass d'Baugeneemegung misst annuléiert ginn. D'Demande vun der Fielsser Gemeng, fir eng Indemnité de procédure vun 3.000 € zougesprach ze kréien, wär dofir och zréckzeweisen.