Suite vun den DebattenFinanzpolitesche "règlement de comptes" an der Chamber

RTL Lëtzebuerg
D'CSV fuerdert weider Upassung vum Steierbarème un d'Inflatioun. D'DP versprécht eng Steierreform no der Kris, wat d'LSAP, wéi et schéngt, acceptéiert.

Bei den Debatten an der Suite vun der Ried zur Lag vun der Natioun a vum Depot vum Budgetsprojet hunn d’Regierungsparteien an d’Oppositioun sech en Donneschdeg de Moien an der Chamber géigesäiteg Feeler an der Vergaangenheet a Kontradiktioune virgeworf.

Wéi kann et sinn, datt de Budgetsdefizit an d’Staatsschold klammen, obwuel d’Recette vun der Lounsteier duerch d’Inflatioun ëm 900 Milliounen Euro geklomme sinn? Déi Fro an de Virworf vu “verfeelter Finanzpolitik” vum CSV-Fraktiounschef Gilles Roth huet den DP-Fraktiounschef Gilles Baum net gëlle gelooss. Deen huet gefrot, ob d’CSV d’Covid- an elo d’Energiekris géing bewosst ausblenden. Fir a béide Krisen de Leit a Betriber ze hëllefen, huet d’Regierung 5 Milliarden Euro an de Grapp geholl. Jo iwwer Prêt, mä hien hätt keen héiere soen, déi Mesurë wieren net richteg gewiescht.

Den CSV-Fraktiounschef huet awer drop higewisen, datt och an de “fette Joren” net genuch op d’Säit geluecht gi wier. De Gilles Roth huet dann nees eng Upassung vun de Steiertabellen un d’Inflatioun gefuerdert. Obwuel d’CSV och schockéiert ass iwwert den héije Budgetsdefizit, misst de Staatsminister sech positionéieren: Entweder kee finanzpoliteschen Hara-Kiri oder Entlaaschtunge fir d’Leit, esou wéi d’Gewerkschaften, mä och d’LSAP fuerderen. De Xavier Bettel huet gefrot, wou d’CSV da wéilt de “roude Stëft” usetzen, fir d’ëffentlech Finanzen ze sanéieren a gläichzäiteg eng Steierreform ze finanzéieren. De Gilles Roth huet drop higewisen, datt de Koalitiounspartner, via LSAP-Deputéierten Dan Kersch, jo sot, et wiere genuch Suen do. Deen huet geäntwert, déi 31 Deputéiert vun der Majoritéit wieren ëmmer kritiséiert ginn, well se “Kopfnicker” wieren a wann elo Mol eng Kéier verschidde Meenungen an der Majoritéit wieren, da géing d’Oppositioun direkt ruffen, et wier Sträit an der Majoritéit. Entweder et kritiséiert een dat eent oder dat anert, mä net déi zwee, sou den Dan Kersch.

Éischte Riedner en Donneschdeg de Moie war den DP-Deputéierten André Bauler, deen deklaréiert huet: “Wa mer aus der Kris kommen, da muss et zu weidere soziale cibléierten Entlaaschtunge kommen, déi wäit an d’Mëttelschicht spierbar sinn.” Et ass also net eng Fro, ob eng Steierreform kënnt, mä éischter wéini se kënnt a wéi wäit se entlaaschte wäert.

Chamber: Budgetsdebat / François Aulner

Back to Top
CIM LOGO