
En Dënschdeg de Mëtteg huet d'Chamber d'Datume fir 3 ëffentlech Debaten um Krautmaart bekannt ginn.
Dëst wieren eemol zwee Debaten, déi alle béid den 30. Januar um 9 Auer Moies ofgehale ginn an sech ëm d'Fëmmen op den Terrassen dréien. Hei geet et ëm 2 Petitiounen: d'Petitioun 1069, déi fir e Fëmmverbuet op Terrassen ass an d'Petitioun 1080, déi dofir ass, dass d'Fëmmen op Terrassen erlaabt bleift.
Eng Woch drop, nämlech de 6. Februar, ass dann e weideren Debat um Krautmaart, dat um 9 Auer Moies. Hei geet et ëm d'Petitioun 1107, déi sech mat der Aschränkung vum Gebrauch vu Plastiksverpackunge beschäftegt.
Alleguerten d'Debate kënnen natierlech wéi ëmmer op Chamber TV respektiv op RTL.lu live suivéiert ginn.