PCR-Test bei FluchreesenFir all Destinatioun mussen ënnerschiddlech Mesuren agehale ginn

Diana Hoffmann
Vun Ufank u gouf gesot, datt keen an de Fliger gelooss gëtt, ouni negative Corona-Test, seet de Gilles Feith, Generaldirekter bei Luxair.
Fir all Destinatioun mussen ënnerschiddlech Mesuren agehale
Vun Ufank u gouf gesot, datt keen an de Fliger gelooss gëtt, ouni negative Corona-Test, seet de Gilles Feith, Generaldirekter bei Luxair.

Net ëmmer awer géing de PCR-Test direkt kontrolléiert ginn.

PCR-Tester bei der Luxair - Rep. Diana Hoffmann

E puer Passagéier fillen sech dëser Deeg net gutt genuch virum Coronavirus geschützt, wa si u Bord vun enger Luxair-Maschinn ginn. Si hu sech un RTL adresséiert, well hiert PCR-Testresultat virum Bording iwwerhaapt net gekuckt gi wier. En negativen Test wier jo awer Viraussetzung, fir kënnen ze fléien. De Gilles Feith erkläert dogéint, datt bis elo alles géing säi richtege Wee goen.

Fir all Land géingen et nämlech aner Bestëmmunge ginn. Fir a Frankräich an an Italien misst een zum Beispill en negativen Test mat sech féieren. Fir Spuenien wier dogéint e QR-Code néideg. Residentë bräichten esou een awer net. D'Anhale vun all deene verschiddene Mesurë géing bei der Luxair och rigouréis kontrolléiert ginn, sou de Gilles Feith. Ausliese kéint een de QR-Code zu Lëtzebuerg awer net. Dat kéinten nëmmen déi zoustänneg Autoritéiten op der Destinatioun.

Et wier awer un de sougenannte "Groundhändler" op der Plaz, ze kontrolléieren, datt d’Reegele vum Land, dat ugeflu gëtt, agehale ginn. Do géif och ëmmer erëm rappelléiert ginn, datt fir Lëtzebuerg en negative PCR-Test néideg ass. Et wier esou och scho virkomm, datt Passagéier net konnte matfléien, well se kee sou een haten.

No der Landung hei zu Lëtzebuerg géingen um Fluchhafen dann awer och déi néideg Donnéeë vun ongeféier all 15. Passagéier gecheckt ginn. Wann dann eng Persoun drënner wier, déi keen Testresultat dobäi hätt, wier et méiglech, datt se a Quarantän misst, mee esou eppes wier dem Wësse vum Gilles Feith no nach net virkomm.

Doriwwer eraus mussen d’Clienten awer och eng Declaration sur l’honneur ausfëllen, wou si uginn, en negative Corona-Test ze hunn an och keng Corona-Symptomer an de leschten 8 Deeg gehat ze hunn. Sécher viru falschen Donnéeë wier een domat trotzdeem net. Am Fall vun Donnéeën, déi falsch ugi goufen, géing dann déi lokal Reglementatioun gräifen. Dem Gilles Feith no hätt een dann e Faux gemaach. Hien ass der Meenung, datt esouguer Leit hir Testresultater fälschen, fir ze fléien. Dat wier fir hie souwuel sozial, wéi och ethesch awer net an der Rei.

Datt de Risiko, sech am Fliger mat Corona unzestiechen, wéinst der Filtratioun minimal ass, dovunner ass de Generaldirekter iwwerzeegt, well Etüde géingen dat jo och weisen. Gréisser Problemer wéinst Ustiechungen u Bord hätt ee wuel och nach net gehat. Vun der Santé krit een awer och net gesot, ob gréisser Problemer waren. "Mee wann der gewiescht wieren, da géinge mir dat wëssen, wëll eis Crew jo potentiell à risque gewiescht wär", sou de Gilles Feith. Wann et e positive Fall an engem Fliger géing ginn, kéim och net de ganze Fliger a Quarantän, mee nëmmen déi Sëtzreie ronderëm, sou de Gilles Feith. D’Personal géing iwwerdeems awer natierlech net all Dag getest ginn, hätt awer stänneg am Fliger eng Mask un.

Just eng 10 Leit hätten zanter Juni net kéinten hire Réckfluch-Datum wouer huelen, well si sech wuel op hirer Vakanzendestinatioun mam Coronavirus infizéiert haten.

Vun e Freideg u profitéiere Reesender, déi zu Lëtzebuerg um Findel landen, vun engem gratis PCR-Test. No 24 Stonne kritt een dann och säi Resultat.

Tests PCR gratuits pour les voyageurs arrivants à Lux-Airport (09.04.2021)

Communiqué par: ministère de la Santé

À partir de ce jour, vendredi 9 avril, tout voyageur arrivant au Grand-Duché de Luxembourg par avion pourra bénéficier de nouveau d'un test PCR gratuit à l'aéroport du Findel. À préciser, que les passagers doivent se faire tester le jour même de leur arrivée dans le centre de test COVID-19 sur le site de Lux-Airport, en présentant leur voucher (disponible avec les bagages) et ticket d'avion. Les résultats des tests PCR sont généralement disponibles après 24 heures.

Back to Top
CIM LOGO